Diskussioun:Lëscht vun de professionelle Vëlossportler déi wärend enger Course gestuerwe sinn

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Elo feelt just nach d'Lëscht vun de Schachspiller, déi vun hirer Fra erwiergt goufen, vun de Waasserballspiller, déi sech verschléckt hunn an ersoff sinn an de Fussballspiller, déi vum Blëtz erschloe goufen.

Dono kënne mer eis op d'Sich vun de Schaarschtegbotze maachen, déi beim Surfe vun engem Hai erbass goufen, de Pétanque-Spiller iwwer 67 Joer, déi beim Freeclimbing vergiess haten, hir Bullen aus der Täsch ze huelen, ze schwéier waren an erofgefall sinn, den Tigerdompteuren, déi un enger Champigonsvergëftung verscheet sinn, den Héichséikaptitänen, déi... --Z.

Tjo, eis Lëschten. - - Wa mer lo mol déi 22.000 Artikelen zu den Asteroide fäerdeg hunn, kéint et engem opfalen, datt mer bei den Nobelpräisdréier (dat kéinten der eng 650 sinn) 25 Leit en Artikel offeréiert hunn. An da bleiwe jo nach déi Quintillioune vu roude Filmlinken. An eng Lëscht vun alle Foussballspiller op der Welt hu mer nach ëmmer net! --Cornischong 09:15, 15 November 2006 (UTC)

Salut, folgendes "an eng Baslustrad gefa" soll daat nett "Balustrad" sin oder esou aenlech? Gudden Artikel, allerdengs e bessi e langen numm :)

Halli. An den Dikussiounssäiten muss de mat zwee Bindestréchelcher an direkt suerno zwou Tilden ( "~" ) "ënnerschreiwen" (oder ganz einfach direkt iwwer dëser Fënster dat zweet faawegt Haische vu riets. Da kënnt hannedrustoen, wien dat geschriwwen huet. Bei der Balustrd hues de ganz Recht, du kann s dat selwer verbesseren!! Déi Iwwerschrëft wierkt e bësse bandwuermsméisseg, mee dat wat drasteet kritt een net ofgekierzt. Kuck emol op der Wikipedia:Eis Schreifweis, huel dovun all Owes e klenge Läffelchen! --Cornischong 23:00, 7 Januar 2007 (UTC)