Lëscht vun de professionelle Vëlossportler déi wärend enger Course gestuerwe sinn
Lëscht vun de professionelle Vëlossportler déi wärend enger Course gestuerwe sinn[änneren | Quelltext änneren]
- 1904: Paul Dangla Frankräich, Weltmeeschter op der Pist (Demi-fond), stierft bei enger Course zu Magdeburg
- 1935: Armando Cepeda Spuenien fält an eng Griecht bei Bourg-d'Oisans am Isère) op enger Etapp vum Tour de France.
- 1937: André Raynaud Frankräich, Weltmeeschter op der Pist (Demi-fond), stierft bei enger Course zu Antwerpen
- 1950: Camille Danguillaume Frankräich gëtt vun engem Motorrad op de franséische Landesmeeschterschaften zu Montlhéry ugestouss.
- 1951: Serse Coppi Italien fält 1 Kilometer virun der Arrivée vum Giro del Piemonte. Hie ka weiderfueren stierft awer déi nächst Nuecht.
- 1956: Stan Ockers Belsch, Strooseweltmeeschter, stierft bei enger Pistecourse zu Antwerpen.
- 1967: Tom Simpson England, Stroosseweltmeeschter, stierft duerch eng Häerzschwächt um Mont Ventoux. D'Häerzschwächt koum duerch Amphitaminen (eng verbuede Substanz am Sport) déi hien a grousser Quantitéit ageholl hat.
- 1967: Roger De Wilde Belsch, stierft duerch eng Häerzschwächt wärend enger Course. D'Häerzschwächt koum duerch Amphitaminen (eng verbuede Substanz am Sport) déi hien a grousser Quantitéit ageholl hat.
- 1969: José Samyn Frankräich rennt an e Programmsverkeefer zu Zingem
- 1971: Jean-Pierre Monsere Belsch gëtt vun engem Auto ugestouss um Grand Prix de Retie
- 1972: Manuel Galera Spuenien huet een Accident op enger Etapp vum Vuelta a Andalucía
- 1976: Juan Manuel Santisteban Spuenien fält déidlech op der éischter Etapp vum Giro d'Italia
- 1984: Joaquim Agostinho Portugal rennt an een Hond op der Arrivée vun enger Etapp vun der Volta ao Algarve a Portugal. Hie stierft 10 Deeg duerno.
- 1986: Emilio Ravasio Italien, fält op der éischter Etapp vum Giro d'Italia a stierft zwou Woche méi spéit
- 1987:
- Vicente Mata Spuenien gëtt vun engem Auto ëmgehéit am Trofeo Luis Puig.
- Michel Goffin Belsch fält an de Koma nodeem hien um Tour du Haut-Var getrollt war, a stierft 6 Deeg méi spéit.
- 1988: Connie Meijer Holland stierft op engem Criterium an Holland
- 1995: Fabio Casartelli Italien, Olypiameeschter, fält an enger kéier um Portet d'Aspet op der 15. Etapp vum Tour de France a stierft e puer Stonnen duerno.
- 1999: Manuel Sanroma Spuenien fält déidlech just virun der Arrivée vun der zweeter Etapp vum Tour de Catalogne.
- Nicole Reinhardt USA, bei enger Course de 17. September zu Arlington Heights
- 2003: Andrei Kivilev Kasachstan fält bei Saint-Chamond an der zweeter Etapp vum Paris - Nice. E stierft zu Saint-Étienne.
- 2005: Alessio Galletti Italien stierft un enger Häerzattack an der Subida al Naranco a Spuenien.
- 2006: Isaac Galvez Spuenien. Den 31 Joer ale spuenesche Profi stierft bei engem Accident bei enger Sechsdeegcourse zu Gent an der Belsch. De Galvez war an der Nuecht mam belsche Coureur Dimitri de Fauw kollidéiert an duerno an eng Balustrad gefall, hien ass um Wee fir an d'Spidol gestuerwen. De Galvez war och am Tour de France matgefuer.
- 2011: Wouter Weylandt Belsch. Den 9. Mee 2011 ass hie beim Giro d'Italia bei der Descente vum Passo del Bocco gefall, ronn 25 Kilometer virun der Arrivée zu Rapallo. Hien hat eng Schiedelbasisfraktur an ass nach op der Plaz vum Accident gestuerwen.