Diskussioun:Lëscht vun den Herrscher vu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Guillaume IV.[Quelltext änneren]

Wisou si beim Guillaume IV opeemol Fragezeichen ? Iwwerall wou ech gekuckt hun, steet hien dran als GH ? -- Briséis 11:12, 11 Sep 2004 (UTC)

Moien. Beim Müller: Tatsachen aus der Geschichte des lux. Landes steet "Großherzog" an och vun 1905 bis 1912. Ech hun d'Nummer IV. derbäigesat. --Cornischong 16:55, 11 Sep 2004 (UTC)

"1905 : Guillaume IV Le fils aîné d'Adolphe de Nassau, Guillaume IV, succède à son père en 1905. Ses problèmes de santé l'amènent, en 1908, à nommer Lieutenant-Représentant son épouse Marie-Anne de Bragance. Ayant eu six filles de son mariage, il avait prévu qu'un problème de succession pourrait se poser à sa mort. Le 16 avril 1907, la Chambre des députés approuve le nouveau statut de famille établi par Guillaume IV. Cette disposition obtient force de loi le 10 juillet 1907. Aux termes de ce statut, sa fille aînée, la Princesse Marie-Adélaïde, est déclarée héritière au trône." --Cornischong 17:00, 11 Sep 2004 (UTC)

Sorry, ech hat den Guillaume vun 1905-1912 mat ?? dra gesat, well dat Lach net gefëllt war. Mä well ech weess, dass do eng Regentschafft war, well d'Groussherzogin Marie-Adelheit net groussjähreg war, wie hiere Papp gestuerwen ass, an net wees, op 1912 d'Doudesjoer vum Guillaume (oder sollt et nët Wilhelm heeschen) ass, hat ech ?? gesat. -- Harpehuhn 14:56, 12 Sep 2004 (UTC)

Salut Harpehuhn. Ma du hues eigentlech Recht. Wéis de gesäis, bleiwen hei geleegentlech nach Onsecherheeten op. Merci --Cornischong 15:16, 12 Sep 2004 (UTC)

Salut, Alles geet hei ganz séier. Ech hunn ee Kommentär op di Säit iwert d'Lëtzebuergesch Schreiwweis gesat. Ass schon dru geduecht ginn, fir Leit wi Lex Roth oder Josy Braun op dëss Wiki opmierksam ze maachen, oder hunn déi sech eventuell schon derzou geäussert? Harpehuhn 15:35, 12 Sep 2004 (UTC)

Interwikilinken[Quelltext änneren]

Datt vun enger Lëscht, déi seh op d'Grand-Duce limitéiert, op eis Lëscht vun allen Herrscher vu Lëtzebuerg gelinkt gëtt, ass jo normal, well d'Grand-Duce ginn och op eiser Gesamtlëscht behandelt. Mee solle mär op Lëschte linken, déi manner ubidden, wéi eisen Artikel? Elo kéint ee soen, dat wier besser wéi näischt, mee ganz logesch fannen ech et net... --Otets 18:59, 19 Jun 2005 (UTC)

Mär kréie méi Linken offréiert, wéi mer der wëllen. Villäicht wollt och een eis erënneren, datt eisen "Herrscherartikel" e bëssen asthmatesch ass :-) --Cornischong 19:51, 19 Jun 2005 (UTC)

Sproochversioun vun de Nimm[Quelltext änneren]

Eng Ureegung: hunn di Hollännesch (Kinnek)-Groussherzogen an och de Guillaume IV net fir d'Lëtzebuerger Wilhelm I - IV geheescht, well vun Hollännescher oder Däitscher Ofstamung. Villäicht nennt den nächsten Groussherzog sech Guillaume, well dat haut méi Lëtzebuergesch ass, mä virum 1.Weltkrich huet dien Numm wuel Wilhelm oder Wëllem (um Knuedeler) geheescht. Harpehuhn 14:56, 12 Sep 2004 (UTC)

Ech hu mer déi Lëscht ugekuckt, a probéiert, eng Logik hannert der Sprooch, an deer d'Nimm geschriwwe sinn, ze fannen. Leider hunn ech misse kapituléieren. Well wann et Sënn mécht, de Numm an der Sprooch vun deem Land, wou den Herrscher hierkoum, ze huelen (well dat meeschtens dee geleefegsten ass), fierwat fanner mer dann, bei de Nassauer, fier just déi z'ernimmen, d'"Wëllem"en (I-IV) op lëtzebuergesch (op hollännesch houschen déi "Willem"), déi aner all op Franséisch, ausser dem "Maria-Adelheid", dat op däitsch do steet? Fierwat sinn d'spuesch Kinneken do op däitsch, an nët op spuenesch (Philipp a Karl, amplaz Felipe a Carlos)? A fierwat stinn do am Mëttelalter en "Heng" an e "Jang" "de Blannen", déi aner sinn awer op däitsch (Heinrich de Blonden)? An dee bekannste vun hinnen, de Karel de IV., steet do op däitsch a franséisch... Ech si mer bewosst, dass dest eng knätzeleg Geschicht ass, mee matt Logik géif engem d'Verstoen (an och d'Nosiche) méi liit gemaach.

Zinneke 14.09.2004

De Schëllege sinn ech. Mee dat Ganzt huet eng Virgeschicht. Et huet domat ugefaang, dass ech déi Lëscht aus der däitscher Wikipedia eriwwergeholl hat. Déi war awer voller Feler. Dunn hat ech opgrond vun dem Müller sengem "Tatsachen aus .." d'Nimm mat Date gesicht. Dat war awer och net kloer. D'Buch ass vu 1968 a geheit mat wonnerlechen Daten ëm sech. Nodeem ech emol d'Nimm an déi korrekt Daten beieneen hat, sinn ech net méi dozou komm. Dat mat der Onlogik stëmmt leider. Well dat Ganzt mer net geheier war, hat ech wëlles bei engem Historiker unzeklappen. Dozou ass ett nach net komm. Merci am Viraus, fir bei deeër Affaire d'Knätzelen erauszehuelen. --Cornischong 15:27, 14 Sep 2004 (UTC)

Moien,

virun etlecher Zäit hat ech emol d'Fro opgeworf, wéi een dat Nierwent- an Duercherneen (dat mat Logik schwéier z'erklären ass) vunn Nimm a verschiddene Sprooche kinnt upaken (kuckt uewen), kuerz, wéi mer System an dat Ganzt kréien, wou d'Hengen, d'Heinrichen an d'Henrië monter duercherneestinn (just den Hari feelt).

Elo, wou mer zu e bësse méi sinn: Wat ass Ärer Meenung no déi "beschten" (wann net "logeschst") Solutioun?

--Zinneke 13:14, 16 Februar 2006 (UTC)

Dat logeschst wier en Numm op Lëtzebuergesch; da géifen d'Heinrichen, d'Hengen an d'Enricoen mat engem eenzegen Numm gestempelt. Fir dat ze verdauen ass awer Munneges erfuerdert. Ofgesinn dovun, datt nach ee mat engem Hary kënnt. Mee dat géif mat sech brécngen, datt och aner dichteg Leit dovu missteprofitéieren, z.B de Columbusse Chrëscht; oder Colombo, oder Columbo. Waarde mol of, wat d'Vollek mengt. --Cornischong 14:04, 16 Februar 2006 (UTC)

Mär haten doriwwer jo scho bäim Pierre II. vun Zypern diskutéiert. Dobäi koum grosso modo eraus, mer sollte se esou nenne wéi se och an hirem Land genannt goufen. Dat ass natierlech net ëmmer einfach, wéi een net nëmme bäim zypriotesche "Pierre" mee och bäi eisen "Heinrichen" gesäit. Gebuertsland, Sprooch vum Haff etc. spillen eben dacks do mat eran. E "Columbusse Chrëscht" an e "Schréidesch Gerr" wieren awer vläicht zevill ongewinnt, an och emol nach net all méi lit ze bestëmme wéi no deem anere System. Eisen Nodeel ass eben, datt mer keng Geschichtsbicher op Lëtzebuergesch hunn, wou mer kéinte knäipen. --Otets 14:32, 16 Februar 2006 (UTC)

Fir den aktuelle System z'erklären (well beim Zypriot ass e mam Nummunhang vermëscht)(déi éischt Conditioun déi zoutrëfft bestëmmt d'Sprooch vum Numm):

  1. Wa mer e geleefege lëtzebuergeschen Numm fir eng Persoun hunn dann huele mer deen (z.B. Jang de Blannen).
  2. Wann eng Persoun do gebueren ass wou se geherrscht a gelieft huet dann huele mer den Numm wéi en an der Sprooch vun deem Land heescht.
  3. Wann et stoark Bezuchselementer gëtt déi a verschidde Länner weisen, da muss een déi Attache sichen déi am meeschten dominéiert. Den Nummunhang (z.B. vu Spuenien) verschaft eng Zort Heemvirdeel, d.h. wann d'Persoun zwar net do gebuer ass mee fir de Rescht praktesch exklusiv Attachë mam Land hat iwwert dat se geherrscht an an deem se gelieft huet, dann huele mer och do den Numm wéi en an der Sprooch vun deem Land heescht.
  4. Wann d'Verbindung zum Land vum Nummunhang schwaach an/oder éischter vun Desinteressi geprägt ass, da kommen Elementer wéi d'Gebuertsland, d'Sprooch vum Entourage oder der Dynastie, asw. an d'Spill an et muss ee vu Fall zu Fall ofweie wéi een Element am meeschten dominéiert.

--Otets 16:39, 16 Februar 2006 (UTC)

Dat héiert sech mol gutt un. Domat misste mer dee gröissten Deel mam Schlawittchen ze pake kréien. --Cornischong 16:46, 16 Februar 2006 (UTC)
Ech schléisse mech do un. Dat schéngt mir am logeschsten ze sinn --Alexandra 17:27, 16 Februar 2006 (UTC)

an do koum laang näischt


Menger Meenung no, as et een bësselchen onlogesch an engem lëtzebuergeschen Wikipedia déi franséisch oder däitsch Nimm ze benotzen, déi schons an denen Wikipediaen benotzt gin. Fir mech as an bleiwt een Jean op Lëtzebuergesch een Jang, een Heinrich/Henrich een Heng/Henri an een Guillaume/Wilhelm een Wëllem. -- 87.240.236.162 03:05, 7. Feb. 2011 (UTC) P.S.: Den Groussherzog Adolph an d'Groussherzogin Maria-Adelheid (op Lëtzebuergesch traditionell Marie-Adelheid) hun sech ëmmer esou genannt an gin och haut "nach" (am haut francohoniséierten Lëtzebuerg) meeschtens esou geschriewen an net ewéi an villen francohonen Literaturen Adolphe oder Marie-Adelaide; mir sin héi net am franséischen Wikipedia![äntweren]

Hei mol eng traditionell-lëtzebuergesch Opzielung vun allen relevaten Nimm vun der Lëscht: Phlëpp, Wëllem, Jan(g), Siegfried, Gilbert, Henri (Heng), Konz (Konrad), Ermesinde, Charel (Karel), Wenzel, Sigismund, Albert, Marie, Luis, Therese, Joseph (och fir den Jobst!), Leopold, Franz, Adolph, Adelheid an Charlotte. -- 87.240.236.162 06:42, 7. Feb. 2011 (UTC) Hallo, sin hei och Administratoren? Kuckt och ënnen mäin Bäitrag! -- 87.240.236.162 09:46, 8. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Den heiten Artikel as massiv feelerhaft an een eenzegen Sproochekuddelmuddel: As dat hei een lëtzebuergeschen Wikipedia oder net? Hei mol eng traditionell-lëtzebuergesch Opzielung vun allen relevaten Nimm vun der Lëscht: Phlëpp, Wëllem, Jan(g), Siegfried, Gilbert, Henri (Heng), Konz (Konrad), Ermesinde, Charel (Karel), Wenzel, Sigismund, Albert, Marie, Luis, Therese, Joseph (och fir den Jobst!), Leopold, Franz, Adolph, Adelheid an Charlotte. Oder: Lëtzebuerg, Limbuerg, Habsbuerg, etc. (eng Buerg as eng Buerg!). Menger Meenung no, as et een bësselchen onlogesch an engem lëtzebuergeschen Wikipedia déi franséisch oder däitsch Nimm ze benotzen, déi schons an denen Wikipediaen benotzt gin. Wien se net versteet, den kann jo ganz einfach tëschent den Sproochen hin an hier zappen! Ech woust z.B. och net wat "Spaaweck" heescht an kennen och bis haut keen Lëtzebuerger den dëst Wuert fir d'Internet benotzt. -- 92.117.195.85 07:22, 10. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Wann een eng Linn (an dëssem Fall traditionell Lëtzebuerger Nimm, déi bal keen kennt an benotzt, wéi z.B.: Spaaweck) duerchzitt, dann muss een se och duerchzéien!!! Wat heescht eigentlech Meloures, hun dat franséischt Wuert net am Leo-Wiederbuch fond? -- 188.46.165.3 10:55, 13. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Tjo wann een net méi wäit wéi eng Grenz gesäit, dat seet genuch --91.180.237.234 12:31, 13. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Ech gesinn nëmmen Roud-Wäiss-Blo, zemols am Lëtzebuergeschen Wikipedia an sin massiv géint dës Francophoniséierung hei! Mir sin net Franco-Portobuerg. -- 87.240.236.162 11:07, 15. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Et gëtt eben dann och nach déi Leit déi net gewiift genuch sinn, fir ze wëssen dat ee Benotzernumm, schwätz Pseudonym, net onbedéngt aus enger bestëmmter Sprooch muss kommen. --91.180.249.187 11:39, 15. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Intressant Quellen[Quelltext änneren]

Hei ass emol e Link op eng engleschsproocheg Säit, déi interessant kéint sinn. ( http://fmg.ac/Projects/MedLands/LUXEMBOURG.htm ) Wat déi daacht, wier awer mol gutt ze préiwen! --Cornischong 23:34, 3 Mäerz 2007 (UTC)

Déi ass ganz einfach genial. Kanns däer roueg trauen vue dass den Auteur gudd recherche mécht a séng Quellen ëmmer nënnt. Daat ass och de Grond vierwaat z.b. d'Veianer nach nët dra sinn (hunn e vierun e puer Méint gefroot, as ob sénger Lëscht...). Eenzege Problem as mat Momenter d'Numerotatioun vun de Limburger déi ech nët ganz novolzeie kann, mee do ass him séng Numerotatioun nët méi konfus wéi déi vun allen aaneren...--Caranorn 13:03, 4 Mäerz 2007 (UTC)

Dem Cornischong säi Link, zesumme mat deem deen s du op dem Siegfried I. senger Diskussiounssäit ofgeluet hues, si wuel wat den Text ugeet déi beschten. Fir eis Artikele mat Biller opzefëlle kéint ee sech awer vläit op Luxcentral inspiréieren, oder ass dat keng sécher Quell? --Otets 01:59, 18. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Dee link gesait gudd aus. Mee ech weilt e geif eis soen wou dei Fenstere sinn. Beim Siegfried muss een natierlech soen dass daat Bild der Phantasie (gellt och fier de Konrad) entsprecht well et deemols nach keng Heraldik gouf an de Leiw an dese Regiounen reicht erem iwwert Flandern zereck komm ass. Kennen daat Bild aawer (de Lex Rodt haat et an engem Artikel iwwert de Faendel d'lescht Joer). D'Bild vum Henri VI schengt mer zweifelhaft, et entsprecht net der Moud vun senger Lieweszait, de Leiw schengt och dee vu Limbourg ze sinn (wier eichter sei Bruder de Walram dee mengen ech kuerz Limburg ouni Brisure gedroen huet). Mee soss sinn nach e ganze Koup bekannt Biller dran dei gudd heihinner passe geifen.--Caranorn 12:19, 18. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Ech hunn dem Gary emol eng Mail geschéckt, vläit erënnert e sech nach wou en déi Biller hierhuet. --Otets 15:41, 18. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


Wenzel II. de Lidderegen 1383-1488. Sinn 103 Joer net e bësselche vill? 91.180.63.53 14:59, 7. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Moien,
D'Ännerunge goufen all zréckgesat. Wa méi Feeler derbäikomme wéi der verbessert ginn da rentéiert d'Saach sech net. --Les Meloures 15:05, 7. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Kapprëssel -- 87.240.236.162 11:20, 15. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Kuckt och vläicht an engem Wierderbuch wéi Rësel geschriwwe gëtt. -- 91.180.249.187 11:34, 15. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Herrscher a Joreszuele feelerhaft!!![Quelltext änneren]

Héi sin immens vill Fehler: Kuckt meng lescht Ännerung no dem däitschen Wikipedia (vill méi detailéiert! Leider och mat klengen Fehler géintiwwer vun den Wiki-Texter) an no menger Analys vun denen eenzelnen Wiki-Texter iwwert déi Herrscher!!! Wilhelm vun Sachsen z.B. war och nëmmen een Titularherzog an huet nie wierklech iwwer Lëtzebuerg geherrscht. -- 87.240.236.162 09:26, 8. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Merci, datt der Feeler hei opdeckt. Ouni Usernumm ass et schwéier ze gesinn, wat fir Ännerungen op der däitscher Wiki mat "meng" gemengt sinn. Loggt Iech w.egl ënnetr engem (gär erfonntenen) Usernumm an, dat mécht et méi einfach ze wëssen, datt ee mat deem selwechten Auteur ze dinn huet (IP Nummere wiessele mat der Zäit). De Prinzip vun der Wikipedia ass, datt jiddereen dierf änneren; aner Leit einfach eppes unzestellen ass dogéint net esou gär gesinn. Wann Der nach eng Quell fir déi ënnerschiddlech Joreszuelen gifft uginn, wier der Saach och gehollef. Merci fir Ärt Versteesdemech. --Zinneke 09:34, 8. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Ech hun am däitschen Wikipedia näischt geännert; nëmmen hei!!! Quell as den däitschen Wikipedia an dei eenzeln Texter ze denen Herrscher: Logeschen Verstand. Leider as den Lëtzebuerger Wikipedia jo nach zimmlech Lëckenhaft. Merci fir deng Äntwert! -- 87.240.236.162 09:52, 8. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Wann eng Wikipedia eng aner Wikipedia als Quell ugëtt, bäisst sech d'Kaz an de Schwanz. D'lb:Wiki ass effektiv nach lückenhaft, dat ka sech just änneren, wa leit mat genuch Fachwëssen oder -literatur, op déi se sech bezéien, a genuch gudde Wëll bereet sinn, dat heihinner ze schreiwen. Roum ass net an engem Dag gebaut ginn... --Zinneke 10:33, 8. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]


Moien,

Wie gëtt ons d'Garantie datt déi däitsch Wikipedia méi prezis ass. Sollen do keng Feeler dra stoen? Do géif ech keen Eed drop doen.

D'Datummen an hirer Lëscht stëmmen z.B. mat Datummen déi se an den Artikelen unginn net iwwereneen. Dat geet menger Meenung no schonns duer fir datt een dat wat ons däitsch Noperen an hirer Lëscht stoen hunn, net sou ouni weideres iwwerhuele soll. Les Meloures 12:16, 8. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Ech soen nëmmen Titularherzog Wilhelm vun Sachsen! Iwwerpréiw dach mol seriéis meng Ännerungen éiers du alles blannenmännechers läschs! An den däitsch Wikipedia (den franséischen iwweregens och) as vill méi prezis (kuck d'Texter). -- 92.117.195.85 07:22, 10. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Jean II., Henri VIII.[Quelltext änneren]

Moien, Déi Nummeréierung schéngt mer e bësse vill "speziell." Gëtt et eng seriö Quell, wou se als sollech genannt ginn (ofgesinn emol dovunner, dass de Status - Grof - Herzog - Groussherzog - e ganz aneren ass)? --Zinneke (Diskussioun) 13:46, 23. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]

Eng seriö Quell hunn ech net fonnt, just e puer Äntwerten op Forumen (all Saz en anere Schreiwer): Es werden die Herrscher mit diesem Vornamen und aus diesem Herrschergeschlecht gezählt. In der Regel ist es unüblich, einem Herrscher eine Ordnungszahl zuzuordnen, sofern (noch) keine Notwendigkeit dazu besteht. Die Herrscher werden nicht nach Dynastie gezählt sondern nach (gedachtem) Reich, d.h. die Nummerierung bezieht sich auf den jeweiligen Staat - oft wird der erste Namensträger zu seiner Regierungszeit noch nicht mit einer Ordnungsziffer bezeichnet, aber da gibt es auch Ausnahmen. Die meisten Herrscher verfügten über ein Konglomerat von Herrschaftsgebieten und eine Vielzahl an Titeln, und für jedes einzelne Herrschaftsgebiet und für jeden Titel wurden sie in der Regel "separat" durchnummeriert.
Do ass schonn e Widdersproch tëscht zielen no Herrschergeschlecht (an der fr-wiki gesi se iwwregens just een Herrschergeschlecht) an zielen no Staat (woubäi déi zweet Variant éischter vun engem kënnt dee sech auszekenne schingt). Sou oder sou giff dat fir Jean II. an Henri VIII. schwätzen, mee wi gesot sinn déi Zitater vu Jänni a Männi kee Beweis. --Otets ♣ 21:42, 23. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
An anere Wierder: Ech hu gutt gedongen, dat nees ewechzemaachen. --Zinneke (Diskussioun) 22:49, 23. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Net onbedingt. Et kéint duerchaus sinn, datt di aner Wikie fir d'Uerdnungszuel de Virnumm Henri net mam Virnumm Heinrich gläichsetzen, wat mer awer menger Meenung ma missten. Ech misst e Wikiforum fir dat Thema fannen an dann do meng Fro stellen. --Otets ♣ 12:36, 24. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Ganz einfach well dat eent Herzoge sinn, dat anert Grofen an dat Drëtt Groussherzogen. Do géifen Äppel a Bieren an een Dëppe geheit ginn. Soulaang de Jean Groussherzog war, war hie just de "Jean, Grand-Duc de Luxembourg", ouni Nummer, well deen éischten, an allen Dokumenter, Gesetzer, Rieden, asw.. Dat selwecht fir säi Jong. Seng Virgänger-Groussherzogen Wëllem I-III ginn dogéint, well berechtegt, mat Uerdnungszuelen auserneegehalen. --Zinneke (Diskussioun) 15:14, 24. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Wa keng Wiki op sou eng Iddi kënnt, da muss ee bei ons mat sou eppes geschäert kommen. Tjee tjee tjee. --Les Meloures (Diskussioun) 17:04, 24. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Mer waren eben nach ëmmer mi innovativ wi di aner)) Mee lo am Eescht, dat ass eng Fro di ee sech stelle kann. An datt et sou si kéint wi den Zinneke sot, di Iddi ass mer scho komm ier ech di Ännerung gemeet hunn - tëscht enger renger Theorie an enger belaaschtbarer Reegel op di ee ka baue kënnen awer Welte sinn, a wann et ëm den Territoire eleng giff goen (wat hei driwwer als aner Iddi och steet) da wier den Titel an dësem Kontext ouni Bedeitung. Wierklech weider komm sinn ech an deer Fro o na net, nodeems datt Google mer näischt Eendeiteges ginn huet hunn ech et emol op der de-wiki versicht, mee do hu se wuel och keen Expert zu deem Thema. Mee wéinstens sinn ech op ee gestouss, dee bei bayreschen Herrscher bal dat selwecht gesinn hat, sou datt dat dem Zinneke seng vermutte Reegel stäerke kéint. --Otets ♣ 19:21, 30. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
sou datt dat dem Zinneke seng vermutte Reegel stäerke kéint.
Den Zinneke huet guer keng Reegel vermutt, en huet just gesot wéi et ass a wéi et vun aneren Enzyklopedien hantéiert gëtt. Et géif ee vläicht gutt drun doen mol an aner geschriwwe Wierker eranzeluussen, a sech net op aner Wikipediaen ze veloossen, déi jo och, wéi scho laang bekannt ass, net zu de Referenzen zielen. --Les Meloures (Diskussioun) 18:48, 5. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Ëm sou besser wann s du Zougrëff op geschriwwe Wierker hues déi dat bestätegen. --Otets ♣ 20:40, 5. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Zäitspann vun 1136-1196[Quelltext änneren]

Den Artikel ass ganz interessant. Mir ass opgefall, dat fir d'Zäitspann vun 1136-1196 zwee verschidden Herrscher opgefouert sinn. Ass dat esou wit et gemengt war?

"Haus Namouer–Lëtzebuerg Heng de Blannen 1136-1196 Grof vun Namouer, Laroche, Durbuy a Lëtzebuerg Haus Hohenstaufen Otto 1136-1196 Grof vun Namouer, Laroche, Durbuy a Lëtzebuerg"


Déi Lëscht gouf 2004 gemaach an an der Tëschzäit 150-mol geännert.
Wie soll da wuel lo nach wësse wat wou a wéini vu wiem gemengt war. ????
Moien do hat een eppes bäigefléckt an hat warscheinlech vegiess nom copy/paste d'Datumen z'änneren. Gouf elo verbessert. Merci fir d'Opmierksamkeet.
--Les Meloures (Diskussioun) 14:47, 24. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

Grof vu Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

Stricto sensu war de Siegfried sécher net "Grof vu Lëtzebuerg". A seng nächst Nofolger och nach net! [<- gouf et deen Titel deemols schonn???],

Sou Bemierkunge gehéieren net an den Artikel. Wann eppes net stëmmt soll dat vebessert ginn, an dat da mol fir d'éischt an deem betraffenen Artikel.
Da géif sech och nach d'Fro stellen, vu wéini un gouf et deen Titel da fir d'éischt. W.e.g. net nëmme Bemierkunge maachen mä och konstruktiv verbesseren. --91.177.160.36 18:24, 1. Jul. 2018 (UTC)[äntweren]