Diskussioun:Lëtzebuerger Online Dictionnaire

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Aus dem Virwuert vum LOD "ginn déi wesentlech grammatesch Informatiounen". Wann dat d' "Wesen" vum LOD ass ....... --Cornischong 15:47, 5 Februar 2007 (UTC)

"Nach Aussagen von Kulturstaatssekretärin Octavie Modert ist die Datenfülle und die Vollständigkeit des Online-Wörterbuchs bisher unerreicht." steet haut op der wort.lu Websäit. --Cornischong 15:56, 5 Februar 2007 (UTC)

Dat ass normal mir si bescheide Leit a brauchen net vill A - Awunner ass dach dach scho jett. :-)) Les Meloures 16:23, 5 Februar 2007 (UTC)

Aus dem Virwuert vum LOD: " iwwert d'Suchmaschinn accessibel. " : Da brauche mer jo net laang ze suchen, freet sech d' --Cornischong 12:31, 24 Mee 2007 (UTC)

Hutt dir iwwerhaapt eng Ahnung, wat do fir eng wahnsënns Aarbecht derhannert stécht? Wat do honnertmol un engem Wuert gefréckelt an iwwerluecht an diskutéiert gëtt? Wat dat ganzt vum Informateschen hir en Opwand ass? Also... -FB-

De ganz lahngen Ah[Quelltext änneren]

Wien hat da geaant, datt déi Saach mat der Anung am LOD Ahnung wier, woubäi Anung op Ahnung weidergeleet gëtt, an datt mer am Luxogramm d'Verb ahnen mam Partizip geahnt géife fannen, woubäi et am Mëttelhéichdäitschen anen war, a mär eng eege Schreifweis fir de laangen A virun engem eenzege Konsonant hunn, déi Däitsch awer net? A wann ech "wahnsënns Aarbecht" liesen, da ginn ech deemiddeg. --Cornischong 21:35, 8. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Den LOD a seng Graser, eng "wahnsënns Aarbecht"[Quelltext änneren]

Um LOD gëtt "honnertmol un engem Wuert gefréckelt an iwwerluecht an diskutéiert", wéi mer dat heidriwwer verrode kréien. Dat liest sech gutt. Wéi ech mer d'Wierder, déi mat G ufänken (déi si Mëtt Januar dragesat ginn), ugekuckt hunn, si mer eng zéng Feeler opgefall. Ech hunn déi doropshi mat E-mail gemellt. Wat ass bis haut geschitt? Ech krut keng Äntwert an et ass bis haut näischt g'ännert. Sou huet alt all Vollek dat Wierderbuch, dat et verdéngt. Da "suche" mer alt op anere Plazen. --Cornischong 14:11, 4. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

D'Beispiller am LOD[Quelltext änneren]

Am Artikel steet "All Artikel huet Beispillsätz aus engem lëtzebuergeschen Textkorpus". Ech duecht, dat wier net de Fall: D'Wierderlëscht gouf tatsächlech aus dem lod.korpus erausgeschafft, mä d'Beispiller ginn/goufen aus Copyrightgrënn erfonnt, well d'Dictionnairesgrupp net d'Erlabnes vun den Auteure kritt huet. Sou gouf mir mol erkläert, wou ech den lod.korpus fir meng Recherche benotze wollt.... 86.156.98.235 18:30, 2. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]