Diskussioun:Lucien Lux

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

A virwat steet hei näischt iwwert dem Lucien Lux séng Schoulen? Wat huet hien da geléiert? (vum lb:User:Lé )

Gudde Moien. Fir et emol kuerz ze soen: Ma well nach keen dat drageschriwwen huet.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

steet iwwer deenen Artikelen. Dat stoung hei nach net; ech setzen et elo driwwer. Maach mat, datt mer méi iwwer de Lucien Lux (an anerer) hunn. An der Wikipedia steet nëmmen dat dran, wat een drageschriwwen huet. Soss näischt. Merci am Viraus.

Mam Léieren ass dat esou eng Saach. Firwat schreiwe Leit "virwat"? A firwat maachen der op "seng" en Accent? freet sech de --Cornischong 07:53, 21 Juni 2007 (UTC)

Mäi léiwe Cornischong, dat war awer eng gepeffert Äntwert. Ech wollt kengem op d'Féiss treppelen, mee jhust umierken, dass par rapport zu deenen aneren Artikelen iwwert letzebuergesch Ministeren an deem doten eppes fehlt. Fir de Fall, wou een do mi genee Bescheed wéisst. Mat "firwat" sin ech averstan, awer iwwert "séng" gehéiert no méngem (idem) Verständnis een Accent. Soss huet den "e" eng Qualitéit wéi an "sech sengen", z. B. an der Sonn. Mengen ech.

Äntwert ass vum User:Lé


Salut,
Sou ass dat mat de verschiddenne Meenungen. D'Grammaire de la langue luxembourgoise Editioun 2005 mengt op der Säit 17 dat heiten:
Les pronoms suivants s'écrivent sans accent: ech, mech, dech, sech, meng, deng, seng.
Les Meloures 16:06, 2 Juli 2007 (UTC)

Salut! Waat sinn dat fir Saachen di iffer den Här Lux geschriffen gin? Dat as net rieschtesch! Rocki


Moie Rocki,

Wat fir Saache méngst du da mat dat fir Saachen déi iffer den Här Lux geschriffen ginn? Les Meloures 07:19, 13. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Salut Melour! Di Saachen di iffer den Här Lux an den aalen Versionen geschriffen ginn. Datt miist än änerren. Rocki


Héi aas eng Biographie iffer den Här Lux: [1] Rocki.

Moie Rocki,
Ech sinn heiansdo e bësselche lues dofir muss ech dann nofroen:
    • Wat mengst de mat ale Versiounen?
    • Ech hun den Text op der Wiki mat deem vun dem Gouvernement verglach a gesinn direkt kee groussen Ënnerscheed.
    • Vu datt s de als Benotzer op der Wiki agedroe bass, kanns de jo gären eppes dat net soll stëmmen, änneren. Dat ass Wikiprinzip.
Les Meloures 13:58, 13. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Salut! Ech mengen deest: [2] D'Biographie vum Gouvernement aas die offiziel Versioun! Ech wäll néicht änneren, nur die falch aal Versiounen musen korrigiert gin. 16:47, 13. Jun. 2008 (UTC)


Salut,

Et gëtt nëmmen een Artikel iwwer de Lucien Lux hei op der Wikipedia a lëtzebuergescher Sprooch an dee steet hei. Et gesäit een do ëmmer déi leschte Versioun déi ofgespéichert ass. Wann een ënner "Historique" kucke geet dann huet een awer d'Méiglechkeet ze gesinn wien alles um Artikel geschafft huet a wat am Laf vun der Zäit geännert gouf. Wa Persounen, déi hei als Vandale bezeechent ginn, Blödsinn an en Artikel schreiwen, da gëtt dat och mat opgezeechent. Am Fall vum Artikel iwwer de Lucien Lux goufen esou Vandalenakten an Zäit vun e puer Minutten erëm redresséiert.--Fliedermaus 17:29, 13. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Salut! Deen Bloedsin vuun den Wandalen mus gelescht giin. Eet kan een net einfach Fähler an Bloedsin stoen loosen. Datt aas net serioess! Rocki

Hei schéngt mir e Fall vu Browsercache virzeleien, dee besonnesch gären mat dem Internet Explorer virkënnt. Evtl. huet de Rocki déi éischte Kéier d'Säit Lucien Lux opgeruff, wéi e Vandal just dra geschriwwen hat. An elo gesäit hien soulaang déi Versioun vum Artikel bis hien e Refresh mëscht, gewéinlech mat der F5-Tast. Wann dat de Fall ass, dann einfach an d'Preferenzen upassen. --PlayMistyForMe 06:43, 15. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]