Diskussioun:Lycée Aline-Mayrisch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Just mol eng Fro Läit den Campus Geeseknäppchen grad wéi den Lycee Aline Mayrisch net um Territoire vun Hollerech ??? --Melusina 14:49, 12 Juni 2006 (UTC)

Déi Fro wor gutt gestallt! "Im westlichen Teil Hollerich bildet zunächst die Autobahn A4 die Grenze zu Merl. Im weiteren Verlauf Richtung Norden teilt die Quartiersgrenze den Campus Geesseknëppchen in einen kleinen westlichen Teil mit dem Konservatorium (Merl) und einen größeren östlichen Teil mit 5 weiterführenden Schulen und Sportanlagen (Hollerich)." Quell: http://www.luxembourg-ville.lu/Hollerich.html Fliedermaus 15:13, 13 Juni 2006 (UTC)

Interessant! Interessant! Merci un d'Fliedermaus fir hir Recherchen. --Cornischong 15:40, 13 Juni 2006 (UTC)

Haut huet Een Ouni Numm Informatiounen iwwert e Virfall tëscht engem Schüler an engem Prof agesat. Ech proposéieren, dat nees erauszehuelen: net, well et falsch wier oder eng Banalitéit - beieleiwen net, mee well et näischt mat deem Lycée u sech ze dinn huet, iwwer deen den Artikel ass: dat hätt grad esou gutt an engem anere Lycée, mat engem aneren Topert vu Schüler geschéie kënnen. Et ass op jiddfer Fall net weesentlech oder typesch fir dee Lycée do, an dofir brauch dat net do zestoen. Ween ass anerer Meenung? --Zinneke 22:52, 13. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

D'Saach mam Bommeleeër hätt grad esou gutt an engem anere Land geschéie kënnen ... also .... Ech fannen déi Affär doutonglécklech, mee fir dat als "inexistent" z'erklären, dat "geet net"! Déi Saach stoung eng Zäitche ganz genee beschirwwen op der Websäit vun deem Professer senger Fra, a jidderee konnt dat liesen. (Ob et nach do ass, weess ech net. Wann eis Korrespondenzanalys iwwer d'Patréinesch eppes sollt ginn (an ech hoffen et!!), da kréie mer méi Opmierksamkeet, wéi et bis elo de Brauch war. Wat mech bei der Prof-Schüler-Saach stéiert: Do geet Rieds vun enger Geldstrof. Ech weess net ob dat iwwerhaapt stëmmt, dofir: Ouni Quell a Quittance gëtt hei näischt esou eppes "ënner d'Leit bruecht". Ech sinn absolut géint d'Verheemlechen, mee: Et ass, wou sou dacks, den Toun, deen d'Musek mécht. Et wäert hei net dozou kommen, datt e Professer duerch de Bulli sollt gezu ginn, well en et mat Fierkelen ze dinn hat, déi net brauchen ze fäerten, datt hiren Numm geschleeft gëtt. Iwwregens stoung déi Saach an der de-Wikipüedia op eng latzeg Manéier. --Cornischong 23:50, 13. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Fir mech méi kloer auszedrécken: Hei geet et net ëm de Virfall a seng Konsequenzen u sech, mee dodrëms, datt dat als (bal eenzeg) Beschreiwung an engem Artikel iwwert ee Lycée steet, wat ech lexikontechnesch "glunge" fannen (Grad esou wéi wann een an engem Artikel iwwer New York City soss näischt giff schreiwen, ewéi: "New York Cit ass eng Stad an den USA. De 14. Juli 1993 gouf do an der 55. Strooss/3. Avenue en Epicier iwwerfall."). An engem Artikel iwwer Sech-Derniewent-Behuelen, Respekt, Verantwortung, Kannererzéiung oder Jugendschutz kinnt ech mer dee Virfall par conter schonn éischter als "Beschreiwung" virstellen... --Zinneke 00:03, 18. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]