Diskussioun:Minière

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Polnesche Kader[Quelltext änneren]

"mat ausgekierfte Stempelen."

Ech weess net wéi dat soll heeschen, awer doutsécher net esou. --Les Meloures (Diskussioun) 14:02, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Soll dat keng Iwwersetzung vum däitschen "ausgekerbt" sinn? --Pecalux (Diskussioun) 14:33, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Eben net "ausgekerbt", well dat hätt de Stempel bei Drock gespléckt. Op Däitsch seet een "ausgeschart", déi lëtzebuergesch Referenz setzen ech als Source den Owend hei bei. --Otets 14:42, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Am däitschen Text schéngt dat ausgeschart dat ze sinn wat bei ons agerënnt genannt gëtt. --Les Meloures (Diskussioun) 15:34, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Ausscharung hat ech um Internet fonnt. De Marcel Klein nennt dat op fr. gorge de loup an op dt. ausgekehlt. De Louis Lenz confirméiert dat dt. Auskehlung.
"Ausgekierft" steet iwwregends genee esou beim Marcel Klein (Referenz hei drënner), S. 100. --Otets 23:08, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]


Sou e Kader wéis du sees heescht op däitsch Türstock an dat heesch op lëtzebuergesch eng Zarge. --Les Meloures (Diskussioun) 15:49, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Den Zousaz "polnesch" staamt dohir, well dat eng vu verschiddene Bauarte war, déi am Stollebau ugewandt gouf. Dës Bauart ass, éier zu Lëtzebuerg Grouwe gegruewe goufen, a Polen entwéckelt an agesat ginn. --Pecalux (Diskussioun) 17:05, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Eng Zarge fir eng Dier hunn ech schonn héieren. Hei mam Kader halen ech mech einfach un de Marcel Klein (S. 100), deen ugëtt op fr. wier et cadre. --Otets 23:08, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]


Trésière ass dat en typesch lëtzebuergeschen Ausdrock?? Ech fannen am franséischen näischt wat deem entsprécht. --Les Meloures (Diskussioun) 17:45, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Marcel Klein, Nationale Minnemuséium zou Rëmëléng, MNM 1985, S. 101
Am fr. hues de etrésillon, am dt. Spreize
Bon, da gëtt et nach lëtz. Spreiz, fr. poussoir, an dt. Strebe
--Otets 23:08, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Datt s de d'Wuert "eventuell" virun der Striefdunn/Spreiz ewechgeholl hues, mat der Begrënnung ouni déi wier et kee polnesche Kader méi, deem gëtt net nëmmen duerch Klein a Lenz widdersprach an hire Bicher, mee virun allem och vun der Praxis. Dee polnesche Kader war rechteckeg mat ausgerënnte Stempelen, an deen däitschen trapezfërmeg (fir och säitlech e Kalage ze gebrauchen) mat gezaapte Stempelen. Eng Striefdunn/Spreiz war ëmmer just eng Optioun. D'Bild am Artikel kënnt aus Däitschland, wou de Säitendrock méi grouss war an do hu se wuel kee polneschen ouni Striefdunn/Spreiz kënne gebrauchen, mee bei eis konnte se sech dat zousätzlecht Holz meeschtens spueren. --Otets 08:33, 20. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Du kéins nawell Recht hunn, well wéi et schengt ass dat um Bild kee polneschen. Anscheinend haten déi polnesch keng Strief. Déi mat der obligatorescher Strief waren déi schlesesch. Hei feelt nach e Pak Informatioun, an ech gesinn déisäit der Musel kache s'och nëmme mat Waasser. Dat Bild als polneschen Türstock ze deklaréieren ouni ze soen datt d'Strief ënner der Kap optionell ass, féiert ir. --Les Meloures (Diskussioun) 08:44, 20. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Dat wat ech elo hei driwwer geschriwwen hunn, baséiert op engem Artikel iwwer Loftschutzbunkeren mä do schengt deen Auteur och net sou richteg Bescheed gewosst ze hunn obschonns e schéi Biller gemoolt hat.
Een aneren dee behaapt de richtegen Numm fir dee Bau wier schleseschen Türstock, well e vun do hierkënnt, an e gëtt un datt et nëmmen do méiglech gewiescht wier déi Verbauung ze maachen well an de schlesesche Grouwen de Säitendrock net sou grouss gewiescht wier.
Ech sinn elo gespannt wat mer aus dem Fachbuch gewuer ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 17:57, 20. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Geplënnert op "Diskussioun:Wieder (Biergbau)".