Diskussioun:Negertrick

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, ech sinn och der Meenung datt deen Artikel éischter an de Wiktionnaire gehéiert wou och den däitschen Negertrick ka mat agebaut ginn. Do mécht dat vill méi Sënn wéi an enger Enzyklopedie. --Les Meloures (Diskussioun) 11:21, 16. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Nodeems datt de Jamcelsus Contenu bäigesat huet, deen net an de Wiktionnaire mee dofir awer an eng Enzyklopedie gehéiert, an dann och nach par analogie dozou datt déi streng de-wiki den Trick 17 an de Système D bei sech erlaabt, mengen ech datt mëttlwerweil den Artikel seng jetzeg Plaz verdingt huet? --Otets 02:00, 20. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]


Moien,
Dat ass alles schéin a gutt. D'Fro ass dann: firwat hu mir keen Artikel iwwer de systeem D trick siwen dee bei ons och geleefeg ass, a firwat hunn d'Transmuselaner keen iwwer den Negertrick dee bei hinnen och geleefeg ass. Dovun ofgesinn ass d'Definitioun net komplett. Am lëtzebuergeschen gëtt nämlech méi dacks vun Negertrick geschwat wann een eppes op eng komesch Manéier gemaach huet, oder eventuell fir de Geck mat engem ze maachen, wa seng Aktioun an d'Box gaangen ass. Och an der Englescher Literatur gëtt en als farcical duergestallt. (Ref: Jamaica Anansi Stories vun der Martha Warren Beckwith).
Doriwwer eraus hunn ech d'Impressioun datt den Artikel nëmme gemaach gouf fir indirekt verschidde Behaaptungen an deem miserabel ugeluechten Artikel Neger z'ënnerstëtzen. Leider ass de Lemma Neger ganz kriddlech an dofir sollt den Auteur sech iwwerleeën e ganz z'iwwerschaffen well wéi en elo do steet sinn ausser den historesche Feeler och nach e Koup anerer dran.
--Les Meloures (Diskussioun) 10:54, 20. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Mär hunn nach keen Artikel iwwer de Systeem D an Trick 17 well nach keen e geschriwwen huet a sech bis ewell och keen ugebueden huet fir en ze schreiwen. Den Artikel hei gëtt et dogéint, well soss d'Ausso am Artikel "Neger" iwwer den Negertrick (déi momentan verstoppt ass) onverständlech gewiescht wier. Ënnerstëtzung ass dat net, ausser Erklärung héchstens nach Sproochschatzfleeg (wann et positiv ass dann ass do och näischt dergéint ze soen). Datt d'Transmuselaner en "Negertrick" kenne war mer net bekannt, bei ronn 1270 Googletreffer (net opgesplitt tëscht L an D) schéngt et och net esou geleefeg bei hinnen ze sinn, wat doru kéint leien datt op enger Säit steet "der Ausdruck Negertrick ist ein Wort bayrische Mundart", wat dann och erkläre kéint firwat en op der Gesamt-de.wiki net ass. Déi zwou Gebrauchsméiglechkeete vum Ausdrock Negertrick déi s du do uféieres kennen ech leider guer net, hues de vläit en exemplaresche Beispillsaz, da vervollstännegen ech eisen Artikel (de Wikiprinzip ass ëmmer wëllkomm). --Otets 09:30, 22. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]