Diskussioun:Neologismen am Lëtzebuergeschen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Mam "spillen2 hunn ech Problemer. Meng Bom huet scho Schellackplacke "gespillt"! Mee wuer setze mer "surfen", bei déi nei oder déi al-nei? --Cornischong 18:05, 1 Abr 2005 (UTC)

mam spillen hun ech probleemer..deen saatz heiert sec hgudd un :P. Mä am eescht, am Fong ass et een Neologismus deen scho sou laang agebiergert ass, dass en net méi "neo" ass hmm sou gesin kann een en eraushuelen. SIchen no anere Beispiller mä dat schéint net sou einfach ze sin (also fir déi nei-aal Wierder) "sélectionnéieren" schéint mier nach een ze sin, wat mengste? -- kniwwla 1.abrell 20:19

Mer musse hust oppassen, dat mer net bei de Sonndesriede vun de Politiker landen. "selektionnéieren" kënnt éischter aus deem Eck. Wanns de een fënns, dat net sou richteg drapasst, da kanns d'et jo mol draschreiwen, wann et net sollt sinn, da kann een et "eraushuelen". Mer si jo hei matzen am "Dynameschen". Wa mär Eppes an de Kapp kënnt, wäert ech et drasetzen. Wéi ass et mat der "telecommande" oder "Fernbedienung"; do hu mer nach guer näischt Opweises, oder wat? D'Pionnéier hunn et schwéier. --Cornischong 19:19, 1 Abr 2005 (UTC)

"Sélektionnéieren" haat ech éischter am Senn vu "en Text selektionneieren" gemengt.:o telecommande/fernbedienung co-existéiren menger meenung no, ouni dass et eng wierklech präferenz gett. dat gett et op ville plaatzen (weenchen/caddie, supporter/fan, safe/tresor, downloaden/eroflueden) mä dat huet jo naischt mam thema ze din (hehe) well dat sin alles neologismen (zumindest gewierscht) also schlussfolgerung: telecommande a fernbedienung kann een menger meenung no roueg bei d neologismen dobaisetzen! --Kniwwla 19:27, 1 Abr 2005 (UTC)

Gudd Aarbecht[Quelltext änneren]

Wollt Iech just emol soen dass ech déi Artikelen iwwert den Neologismus... asw ganz super an interessant fannen--Alexandra 09:57, 2 Abr 2005 (UTC)