Diskussioun:Nouspelt

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

@GilPe 1458 huet zu Nouspelt d'Aulebäckerhandwierk zu säin Ufank geholl

Soll dat alt sinn? Ech hu gemengt an Italien an a Griicheland wier et schonn en ettlech Jorhonnerte virdrun ierdent Geschier ginn. --2A02:A03F:A199:6C00:CDB5:E5D:B53E:6CEA 12:31, 11. Sep. 2023 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien,
Den Text ass an der Versioun vum 27. Abr. 2011, 14:07:53‎ vum User:Roude Leiw2001 esou dragesat ginn. Et ass vläicht net glécklech formuléiert a sollt eventuell heeschen, datt „d'Lëtzebuerger Aulebäckerhandwierk 1458 zu Nouspelt ugefaangen huet“? | GilPe (Diskussioun) 09:55, 25. Sep. 2023 (UTC)[äntweren]
Aua, entschëllegt wgl. Dann hat ech do de falschen erwëscht. --2A02:A03F:A199:6C00:2062:CCCD:A43E:2732 10:48, 25. Sep. 2023 (UTC)[äntweren]
Ech giff esouguer soen, déi Zuel '1458' bezitt sech hei just op Nouspelt. Well an der Réimerzäit a virdrun hunn am haitege Lëtzebeurg och scho Leit gewunnt, an Dëppegeschier ge- a verbraucht. --Zinneke (Diskussioun) 12:23, 25. Sep. 2023 (UTC)[äntweren]
Yes, dat ass och esou. Merci fir d'Ëmformuléieren. Roude Leiw2001 (Diskussioun) 11:00, 24. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]