Diskussioun:Op der Juegd

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Op der Juocht gouf op Op der Juôcht geréckelt (Original Schreifweis vum Dicks) behaapt hei een. Dat wäert dach sécher net stëmmen. Mat beschte Gréiss --91.180.49.97 07:24, 30. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien, Dir "wäert sécher" Recht hunn, wann een d'Typographie kuckt: Den Dicks huet en Accent circonflexe gebraucht, deen iwwer den /u/ an den /o/ zesumme gesat gouf, fir den Diphtong ze markéieren. Dat ass awer mat digitaliséierte Buschtawen net ze reproduzéieren. Dofir alt d'Graphie "Juôcht" hei. "Jûocht" wier genee so richteg/falsch. Eng 100% Léisung gesinn ech keng. Soss ee vläit? --Zinneke 09:39, 30. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,
Hei gouf elo vun engem net richtem Lemma op en anere geréckelt deen net méi richteg ass. Vu datt mer elo Redirecten an duebel Redirecten hunn gëtt d'Pertinenz vum Sichen nom Lemma wéi d'Leit haut soen nämlech op der Juegd ëmmer manner pertinent. Firwat schléisse mer ons net un d'Virgoe vun anere klengsproochege Wikien un, déi derzou och nach verschidden Dialekter hunn, wéi z.B. déi allemannesch Wikipedia. Déi féieren de Lemma op däitsch mat allemannesche Redirecten an e gëtt wann et muss sinn a wann et nëmmen eng Dialektversioun gëtt iwwer Titledisplay op allemannesch ugewisen. Vu datt kee vun de Lemmaen déi ons zur Verfügung stinn, 100% richteg ass, proposéieren ech en an der haiteger Schreifweis opzeféieren (duerno gëtt m.M. no och am dackste gesicht) an de Rescht am Artikel z'erklären. Iwwer en agebautend Bild kéint een och dem Dicks seng original Schreifweis duerstellen. --Les Meloures 11:04, 30. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Remoien. Ech sinn d'accord, datt hei e spezifesche Fall ass, wou d'Originalgraphie net erëmgi ka ginn. Ob dofir de Redirect "méi richteg" ass, sief dohigestallt. Grondsätzlech solle mer eis awer bei Literaturtitele fir d'Lemma un déi Versioun/Schreifweis halen, wéi den Autuer se selwer gebraucht huet. Natierlech soll et e Redirect vun der haiteger Schreifweis op dee 'konterbossegen' Numm ginn; cf D'Mumm Séis. --Zinneke 14:47, 30. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Merci Zinneke a Les Meloures fir déi interessant Iwwerleeungen a Virschléi, mat deenen ech ouni Problem ka liewen.
Witzegerweis ass dee Fall a mathematesche Formelen virgesinn: de Code \widehat{uo} gëtt als Resultat .
An onsem Fall: "Op der Jcht" (Cf. http://en.wikibooks.org/wiki/LaTeX/Accents). Et bleift de Problem vun der Formatéierung. Der IP-Nummer sief gesot, datt déi Réckelléisung der Richtegkeet méi no läit wéi déi Versioun ouni Accent. D'Nummer ka sech jo abréngen, fir nach méi no un d'Richtegkeet ze kommen? --Christian Ries 16:56, 30. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]
Remoien,
Ech bleiwe bei der Meenung datt wa mer net déi korrekt fréier Schreifweis reproduzéiere kënnen egal watereng méi richteg oder méi no un der Wourecht ass, da solle mer déi häiteg gebrauchen.
Dat mécht de Gebrauch méi einfach an dovunner schéngt och soss op der lb:Wiki Gebrauch gemaach ze ginn. D'Redirekte sollen och net gebraucht gi fir Lemmaen einfach blo ze maache wann se anescht wéi de richtege Lemma sinn. Wann een am Text dat wëll onbedingt anescht ausdrécken da sollen een dat op dës Manéier maachen [[Lemma|aner Bezeechnung]].
Wat elo dësen Artikel ugeet steet de Lemma Op der Juôcht just an engem Artikel dran. Op der Juegd daucht op véier Plazen op, an Op der Juocht op zwou. Wann nëmmen e Redirect gemaach gëtt fir de Lemma z'änneren dann hu mer net vill erreecht, well da gëtt et op den anere Plazen nach ëmmer ënner dem ale Lemma uwisen. Wa mer nom Réckelen déi fréier Bezeechnungen net ausbauen an duerch déi nei ersetzen da verfeele mer d'Zil. Et kann da virkommen datt de Lemma just op enger Plaz korrekt steet an eventuell op 20 an nach méi falsch.
---Les Meloures 18:57, 30. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Nodeems ech elo eng Partie der Kaméidistécker iwwerschafft hunn a keng Léisung iwwer html-Kodéierung besteet, kommen ech zur selwechter Schlussfolgerung wéi de Les Meloures, fir déi haiteg Schreifweis als Haaptlemma ze huelen. --Christian Ries 09:15, 3. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]