Diskussioun:Péiter vun Uespelt

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dem P. v. Uespelt säi Papp war Bierger vun Tréier, an de P. ass zu Tréier opgewuess. (vun der 195.46.241.229 déi sech normalerweis als e gewësse Chris ausgëtt)

Wat solle mir mat där Informatioun ufänken??? freet d'IP --87.66.113.19 15:09, 26. Abr. 2018 (UTC) (de klenge Jean-Jacques)[äntweren]
De Péiter vun Uespelt, ëm 1245 zu Tréier gebuer an do opgewuess.
Jorelaang souwéi an anere Wikipediaen nach ëmmer, stoung hei Uespelt. Ass dat lo op eemol falsch. Wa jo firwat? A wouhier wësse mer datt et elo op emol sou honnertprozenteg Tréier ass freet d'IP 91.176.17.216 18:04, 29. Abr. 2018 (UTC) (de klenge Jean-Jacques)[äntweren]
PS. fir den Neyen ass et kloer datt en zu Uespelt gebuer ass. --91.176.17.216 19:26, 29. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

<<Peters Vater war ein einfacher Trierer Bürger, der zwar aus Aspelt stammte, vielleicht auch auf irgend eine Weise mit dem adligen Geschlecht der Herren von Aspelt zusammenhing, aber selbst nicht adlig war. Er war auch zu Trier geboren, wie einige fast gleichzeitige Quellen auf das bestimmteste berichten. (...).>>

Vgl.: Anthologie Nicolas van Werveke (1956), S. 151!

Den Nik van Werveke hat mol d'Vermutung opgestallt, datt de Wëllem vun Uespelt (Wilhelm von Aspelt), dee Probst (prévôt) vun der Stad Lëtzebuerg an de Joeren 1280-1294 war, a Scheffen an de Joeren 1286-1298 (deemno deelweis simultan zur éischtgenanter Funktioun), de Brudder vum Péiter sengem Papp gewiescht wier. E puer Joer duerno konnt dës Hypothes duerch eng "vor kurzem aufgefundene Urkunde" a glänzender Weis bestätegt ginn (Referenz -> wéi virdrunn, ëmmer nach op der S. 151.).

Mat engem schéine Bonjour, Chris.


Den Aug. Neyen ass wuel intressant, awer nach laang net ganz zouverléisseg. Den Nik van Werveke, ënner aneren Historiker, hat dacks d'Geleeënheet, Feeler a Falschaussoë beim Neyen ervirzehiewen. - Chris


Sou, lo ass de P. v. U. nawell - ouni geréngste Beleg - zu Uespelt gebuer... oder zu Tréier, wou säi Papp scho gebuer gi war an als Bierger vun där Stad gelieft huet. Wat eng Logik! An d'Alleinerbin vu Béimen... : dat dierft jo awer keng Affär sinn, fir am Jang dem Blanne seng Säit erauszefannen, wien dat war. Fir de P. v. U. ass dat net direkt wichteg. A merci, datt hei net diskutéiert gëtt, mee einfach Préjugéën duerchgeboxt ginn! - C.


An d'Alleinerbin vu Béimen... : dat dierft jo awer keng Affär sinn, fir am Jang dem Blanne seng Säit erauszefannen, wien dat war. Fir de P. v. U. ass dat net direkt wichteg.
Wann dat net schwéier ass firwat bréngt den Auteur vun deem Saz et dann net fäerdeg fir den Numm mat engem Wikilink dohin ze setzen. Du bass deen eenzegen deen hei doriwwer diskutéiert.
Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

--Zinneke (Diskussioun) 13:42, 23. Okt. 2019 (UTC)[äntweren]

D'Alleinerbin vu Béimen ass iwwer de Jang de Blanne séier fonnt.

Mee meng Fro war: firwat muss aus wuel nationalgeschichtlecher Perspektiv (= scho laang widderluecht), << Uespelt >> als Gebuertsplaz vum P. v. U. do stoëbleiwen, an dat och nach ouni Quellenangab, wa gewosst ass, datt säi Papp zu Tréier agebiergert war? Dem P. v. U. seng Famill, déi fréier onfräi (=> Statut vu Ministerialen oder Dienstmannen) war [-> David Kirt, S. 69] stoung scho laang am Déngscht vun der Abtei Sant Maximin, gouf méiglegerweis "aus reinen Funktionsgründen von der Abtei in Aspelt angesiedelt" -> [David Kirt, S. 60] an ass am Laf vum 13. Jh. zu Tréier an de Biergerstand opgeholl ginn. Dem P. v. U. seng Heemecht war deemno Tréier, ob dat eise patriotesche Gefiller passt oder net [-> David Kirt, S. 75: "Wann genau Peter von Aspelt seine Heimat Trier verlassen und an welcher Universität er zuerst studiert hat, entzieht sich unserer Kenntnis. (...)."].

De P. v. U. ass tëscht 1240 an 1245 mat grousser Warschäinlechkeet zu Tréier gebuer ginn. Alles anescht ass Ignoranz oder "wishful thinking". MbG, C.