Diskussioun:Robert Baden-Powell

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Nodeems ech dee groussen Artikel iwwer de Baden-Powell gelies hunn, fält mer op, datt et just Hagiographesches ass. Déi engleschsproocheg Wikipedia ass alt éierlech genuch fir dem Mann seng aner Säiten ze beliichten. Beispiller? "In 1939 Baden-Powell noted in his diary: "Lay up all day. Read Mein Kampf. A wonderful book, with good ideas on education, health, propaganda, organization etc." / "He also admired Mussolini, and some early Scouting badges had a swastika symbol on them" / "Robert Baden-Powell's sexuality has been studied by two principal modern biographers, .... who have concluded that Baden-Powell was attracted to youthful men and to boys.". Mais, ech ginn net dovun aus, datt den "Iwwersetzer" d'Buch vum Michael Rosenthal oder dem Tim Jeal gelies huet; en huet emol net den Artikel an der engleschsproocheger Wikipedia gelies, soss hätt en den Titel vum Jeal sengem Buch richteg geschriwwen. An der däitschsproocheger mengt alt een op der Diskussiounssäit "Lies Jeal. Was der über Baden-Powells Sexualität schreibt, passt hier nicht hin." Hei och net? Här Gott mat der décker Zéif.

Moien,
Et gëtt keng Redaktioun, déi bestëmme géif, wat hei stéing, a wat net. Wat ee schreift, steet hei. Falsches, wann een et gesäit, soll erausgeholl oder verbessert ginn. Dat gëllt fir d'Hären, d'Gëtter, déi Déck, d'Zéiwen, an all déi aner Leit, déi eppes wëssen, a schreiwe kënnen, och. Zéck also net, dat an d'Artikelen ze schreiwen - Diskussiounssäite fëlle bréngt d'Wikipedia net vill virun. --Zinneke 09:37, 17. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien och,

Als "Iwwersetzer" aus der de:Wiki hunn ech den däitschen Text esou gutt wéi méiglech op lëtzebuergesch iwwersat. Déi däitsch Diskussiounsäit hunn ech ganz gelies a mer gesot: Wann eis däitsch Wiki-Frënn dat Thema esou ausgiebig diskutéiert hunn (mit deutscher Gründlichkeit) an hiren Text esou schreiwen a gutthale wéi en elo do bei hinne steet, da bräichte mir eigentlech keng Zäit méi mat Dikussiounen ze verléieren an en och gutthalen. Selbstverständlech ass et jidderengem dee méi weess, a säi Wësse beleeë kann, iwwerlooss fir Verbesserungen drann ze setzen. Dem Rosenthal an dem Jeal hier Bicher hunn ech net gelies well ech se net hunn a souwisou net genug englesch verstinn. Ech ginn awer dervun aus dass dee mat der décker Zéif gutt englesch kann a se gelies huet. Hien wier also grad de richtege Mann (oder Fra) fir den Artikel ze perfektionnéieren. --Pecalux 10:10, 17. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]