Diskussioun:Rommel (Botanik)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

schwätze mer hei net éischter iwwer Ribben?

freet sech de --Zinneke 15:00, 27 Mee 2005 (UTC)

Du stells do awer eng béis Fro. Also ech hu gläich dräi Varianten héieren: Rout Ribben, Betteraven an natierlech Rout Rommelen. Mee wat dat richtegt ass weess ech och net. --Otets 15:16, 27 Mee 2005 (UTC)

Ier der äech mat der Rommel huelt: De &%*ç schreift a sengem Bichi "rout Rommelen". --Cornischong 15:43, 27 Mee 2005 (UTC)

Meng Fro woar ganz onschëlleg gemengt; menge (ganz) bescheidene Geméis-Kenntnisser no seet een effektiv fir Rout Rommele "Rommel" (mat senger schéiner Magentarouder Foarf), "Zocker-..." (an deementspriechend d'"Iwwerkategorie") awer "Ribben"... ?

Z.

Also mat denen Iwwersetzungen sinn ech iwwerfroet... Am allgemengen Sprochgebrauch (vu mir) ass et emol Rommelen. Wat awer net well heeschen dass dat korrekt ass. An dene leschten Méint sinn ech villen Wieder begéint déi anescht sinn wéi ech se schon éiweg gebraucht hunn :-) --Alexandra 16:17, 27 Mee 2005 (UTC)