Diskussioun:Sagittarius (Stärebild)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De Schëtz[Quelltext änneren]

Gudde Moien. Ass den Terme Schëtz tatsächlech e gebräichlechen Ausdrock aus dem Krees vun de Lëtzebuerger Astronomen oder ass et eng fräi Iwwersetzung vum däitsche "Schütze"? Ech perséinlech ka mech net erënneren jeemols den Ausdrock "Schëtz" gehéiert ze hunn fir "een dee schéisst". Allerdéngs kennen ech och keen aneren, héchstens de "Schësser", mee deen hate mer alleguer schonn eng Kéier. --Pecalux 06:59, 10 Juni 2007 (UTC)

Moien. De Schëtz ass sécher net "gebräichlech", mee de "groussen Dictionnaire" ernimmt en, an e gëtt un: ""Schëtz" M. Schütze (Engelmann). De René Engelmann huet sech also ze hëllefe gewosst mat deem Ausdrock. Ech denken, dann di mer gutt drun, en och ze gebrauchen, well d'Auswiel ass net grouss. --Cornischong 08:09, 10 Juni 2007 (UTC)
Salut Pecalux. Witzeg bass de schonns mä den Terme "Schëtz" hunn ech nët ausgewielt, dee war schonns do. Well mer keen besseren agefall ass (z.B.: Schéisser(t)), hun ech den Terme stoe gelooss a mat viru geholl.
Wa mer awer so schreiwe géifen wéi d'lëtzebuerger Amateurastronomen schwätzen da misst een déi däitsch Wierder Schütze an och fir en Observatoire Sternwart schreiwen. Awer dës Wierder akzeptéiert déi lëtz. Wiki jo net ëmmer esou gäeren, obwuel dat Däitscht eiser Sprooch méi no läit ewéi dem Franséischen. Merci fir deng Aarbecht, wanns de awer e besseren Terme fir Schëtz fënnst, da so w.e.g. Bescheed, da réckele mer dat. Merci--SITCK 08:32, 10 Juni 2007 (UTC)
Moie SITCK. Ech hu kee Probleem mam "Schëtz". En huet mer just e bëssen ze vill "germanesch" geklongen. --Pecalux 08:41, 10 Juni 2007 (UTC)
Moien alleguer, hei hu mer e gutt Beispill vu pragmatescher Approche bei eng Giff-gär-Sprooch, déi net norméiert ass! "Schëtz" fanne mer jo a Wierder wéi "schëtzeg" erëm, a baséiert op deene Morphemer, déi et am Lëtzebuergesche gëtt. Wann de SITCK schreift, d'Fachleit giffen (och) "Schütze" soen, dann dierf allerdéngs e Redirect net feelen. --Zinneke 10:27, 10 Juni 2007 (UTC)