Diskussioun:Sozial Beweegungen zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, wou sinn hei d'sozial Beweegungen déi et zu Lëtzebuerg gëtt.

Den Artikele fänkt sou un: Fir e bessert Verständnis vun de sozialen Entwécklungen .....

Wat soll da lo am Artikel behandelt ginn, d'Sozial Entwécklung oder d'sozial Bewegungen. Dat si schliislech wa se och eng Verbindung hunn, zwéi komplett verschidde Sujeten, dovun ofgesinn datt Gewerkschaften u sech nëmmen indirekt kënnen als sozial Bewegunge betruecht ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 14:38, 22. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]

Moien,
Ech wollt och drop hiweisen, dass et en Artikel Gewerkschaften zu Lëtzebuerg gëtt, wou Saachen déi hei stinn, éischter hi gehéiere géifen. Ech proposéieren, den Inhalt, wéi en hei steet dohin ze transferéieren, well eng zäitlech Ofgrenzung vtëscht virun an no 45 an dësem Fall kee Sënn mécht.--Zinneke (Diskussioun) 11:26, 23. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]
Huet hei een eppes net verstanen, dat en nees mat der selwechter Litanei ufänkt. --Les Meloures (Diskussioun) 14:15, 24. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]
Wéi et schéngt ginn hei Schoulaufsätz publizéiert déi sech op eng bestëmmt Zäit limitéieren. Ass Lëtzebuerg sou e risegt Land datt normal sozial Evenementer och nach no Epoche mussen opdedeelt ginn ?? Dat selwecht gëllt fir den Artikel mam Urbanismus a mat der Migratioun zu Lëtzebuerg. Iwwer d'Gewerkschafte gëtt et en Artikel Gewerkschaften zu Lëtzebuerg an deemno soll alles wat hei iwwer d'Gewerkschafte gesot gëtt an deem Artikel verschafft ginn sou wéi den Zinneke dat scho virdru gesot huet an och deelweis gemaach huet. Et mécht deemno net vill Sënn nees eng Kéier domat unzefänken, amplaz sech op den eigentleche Sujet ze konzentréieren a vläicht all d'Sozialbewegungen zu Lëtzebuerg nozesichen an hei just kuerz ze beschreiwen an op en eegenen Artikel ze verweisen. Sou funktionnéiert eng Enzyklopedie nom Wikiprinzip. Dat sollte gescheit Leit am zweeten Unisjoer alt schonn erausfonnt hunn. --81.244.214.149 14:14, 24. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]

Deen heiten Beitrag ass am Kader vum Cours 'Sozialgeschicht vun Europa no 1945' op der Uni Lëtzebuerg ugefangen gin. Méi Informatiounen fannt dir hei: https://en.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Benelux_Education_Program/University_of_Luxembourg --Corto lu (Diskussioun) 07:07, 10. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]

War allerfdéngs net verhënnert, datt en net dem Format an den Ufuerderunge vun engem Wikipdiaartikel entstsprécht. --81.244.214.63 07:16, 10. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]
Dat gehéiert zum Exercice: d'Studenten gin enner anerem och dorobber bewert. --Corto lu (Diskussioun) 07:19, 10. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]