Diskussioun:Synagog Stad Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ech froe mech op d'Plack nach do ass? Ass / war se op der Fassade an der Ënneschtgaass? Ech si virun e puer Deeg do laanscht gaangen an hu se awer net gesinn...

...an der Aldringer-Strooss (haut Ënneschtgaass, rue Notre-Dame) - ass d'Aldringer da fréier ëm den Eck gaangen? Den Educatiounsministère huet jo awer seng Haaptentrée an der Aldringerstroos, op de Parking kennt ee vun der Ënneschtgaass (war do d'Portal vun der Synagog?), an déi aner zwou Säite vun dem ellene Block maachen d'Philippsgaass an d'Louvignysgaass. Oder sinn ech am falsche Film? --Jwh 23:45, 23. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien, d'Plack an der Ënneschtgaass ass nach do, et muss een de Kapp hiewe fir se ze gesinn. Den Numm vun der Strooss ass elo geklärt: de Moyse 2011 schreift: an der Ënneschtgaass, deemools avenue Marie-Thérèse. De J. Goedert 2001 schreift: an der avenue Marie-Thérèse, haut Aldringer-Strooss. Dat läscht ass 'méi richteg'. D'Synagog louch mat der Säit an der Ënneschtgaass. Cf Referenzen am Text wéi en elo do steet. --Cayambe 18:01, 25. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Moien a Merci fir d'Explicatiounen. Jo ech hunn d'Nues éischter um Buedem (cf den Numm vum Dichter op der Plack), net onbedéngt emol, wéi den Dagobert Duck, fir Mënzen ze fannen, mä deet ee jo besser drunn opzepassen a wat ee grad trëppelt...
Mat der Avenue Marie-Thérèse kréckele se allen zwéin eis awer eng, ausser den Evy Friedrich leit derniewent. Et schéngt sech net ëm d'Avenue, mä em d'Rue Marie-Thérèse ze handelen. Evy Friedrich: dieser Teil der „Enneschtgaass", von der rue Chimay bis zum Boulevard Royal, trug bis zum Jahre 1925 auch den Namen rue Marie-Thérèse ons stad Nr 23.
Mat der Säitenentrée an der Ënneschtgaass (deemools an haut den Numm), just dass se deemools d'rue Marie-Thérèse war an duerno d'rue Notre-Dame ginn ass ons stad Nr 31. D'Haaptentrée dann an der Aldringenstroos, zënter wéini déi esou heescht huet konnt ech leider net fannen, mä se huet wuel kaum Marie-Thérèse geheescht ons stad Nr 1. Deemno kinnt e lo soen "se gouf um Eck Aldringenstroos an Ënneschtgaass gebaut". Wat Saachen... --Jwh 22:44, 25. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]