Diskussioun:Tunnel ënner dem Äermelkanal

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

ass "Eurotunnel" net éischter den Numm vun der Aktiegesellschaft ass, déi den Tunnel bedreift (a seng Actionnaire vill Sue verléiere gedoen huet)? Den Tunnel heescht op franséisch "Tunnel sous la Manche", op englesch "Channel Tunnel".

Ech schloen dofi vir, den Artikel als "Tunnel ënnert der Manche" ëmzebeneenen, mat engem Redirekt vu "Kanaltunnel" --Zinneke 15:52, 14 Oktober 2007 (UTC)

Ech géif de Reditekt Kanaltunnel net maachen, well dat ass en Tunnel wou ee Kanal derduercht geet. Les Meloures 16:04, 14 Oktober 2007 (UTC)


Misst no dem Redirekt de Lamma Eurotunnel net geläscht ginn, ausser et wéilt een direkt den Artikel dozou maachen. ?? Les Meloures 16:08, 14 Oktober 2007 (UTC)
Ech proposéiren dann och nach de Redirect Tunnel ënner dem Äermelkanal Les Meloures 16:08, 14 Oktober 2007 (UTC)

Ënnert den Äermelen[Quelltext änneren]

den "ënnert_der" ass eng Eegenheet, déi sech net grad gutt unhéiert an net ausschwätzt. Dowéinst hu mer jo am Lëtzebuergeschen den "ënner" (wéi den "tëschen"). A wat maache mer mam "Äermel"? Gëtt et dat Wuert iwwerhaapt am Lëtzebuergeschen? Ech gleewe kaum. Den "Ärmel" vun engem Pullover ass den "Aarm", an net den däitschen Ärmel. Hei gëtt näischt aus dem Äermel gerëselt, mee aus dem Aarm. An d'Äermele ginn och net eropgestrëppt, mee d'Äerm. --Cornischong 16:17, 14 Oktober 2007 (UTC)
Gudden Owend
Ech hun de Redirekt proposéiert wéinst eisem Artikel Äermelkanal, deen et zënter dem 18. September 2005 gëtt, a well bis elo keen eppes dorunner auszesetzen hat. Les Meloures 16:42, 14 Oktober 2007 (UTC)