Diskussioun:Zoossiss

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech hunn ëmmer geduecht et géif en Ennerscheed ginn tëscht Wurscht an Zoossiss ginn. An all deenen aanere Sproochen anscheinden nët. Wees een méi fier déi lëtzebuergesch Sprooch? --Bdx 17:16, 29. Jan. 2012 (UTG)

Moien, fir mech ass "Wurscht" den Uewerbegrëff fir gemuelent Fleesch, dat an engem (Konscht)daarm mat Gewierzer versuergt gëtt. "Zoossiss" ass eng Zort dovunner, déi am Däitschen a Franséische "Salami" genannt gëtt (woubäi, wéi den Artikel Salami eis léiert, dat ursprénglech eng speziell Zort Zoosiss war.
An dann hu mer jo nach d'Wirschtercher oder Wippercher, d'Mettwurscht, d'Lyoner, d'Wäinzoossiss (déi am Fong éischter e Wirschtchen ass), d'Träipen, Salciccia, Merguez, an net ze vergiessen d'TSFKAT: "The Sausage Formerly Known As Thüringer" ;-) --Zinneke 18:20, 29. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Moien, jo, esou hunn ech mir daat och geduecht. Mengs du ët wier dann besser fir deen Artikel héi op Wurscht ze reckelen? Ah jo, an ech fannen d'TSFKAT huet och en Artikel verdengt ;-) --Bdx 19:05, 30. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien och,

Alles ass Wurscht, an dozou gehéieren dann d'Zoossissen, Mettwurschten, d'Kachwurschten, Schinkenwurscht a.s.w. Wa mer scho bei der Diskussioun sinn, da stellen ech fest datt eisen fr:Interwiki falsch ass. Dat wat mit Zoossiss nennen ass op franséisch saucisson, wann ech mech net ieren. Saucisse ass sou wäit wéi ech weess am Franséischen all Wurscht déi gekacht ass oder gekacht gëtt. Ech hunn awer mol näischt g'ännert, bis vläicht een dat méi genee nogekuckt huet. --Les Meloures 19:51, 30. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech hun elo emol no gekuckt op den Säiten vum "Centre d'Information des Charcuteries-produits Traiteurs" a warscheinlech hues du Recht:
--Bdx 18:06, 31. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Bild vu Lëtzeburger Zossiss?[Quelltext änneren]

Moien,
Et wiir schëin, wann d’ Biild eng Lëtzeburger Zossiss weise gif. Also eng typesch („ardenner“) „Bescht Zossiss“ aus dem Cactus o.ä. Oder eng Vida-Zossiss vu frëier. An nët dei ekeleg däisch Aldis-Zossiss mat der lackëierter Plastik-Schuel. — 213.196.230.94 20:59, 15. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]

Mä et ass einfach, maach eng Foto vu enger wéi s du sees richteger, luet se erop a setz s'an den Artikel. --81.244.214.219 07:20, 16. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]