Dräifaltegkeetskierch zu Fátima

Vu Wikipedia
D'Dräifaltegkeetskierch kuerz ie se ageweit gouf

D'Dräifaltegkeetskierch zu Fátima, d'Igreja da Santissima Trindade, ass déi véiertgréisst kathoulesch Kierch iwwerhaapt.

Se steet an der portugisescher Pilgerstad Fátima vis-à-vis vun der Basilica Antiga, a gouf den 12. Oktober 2007 ageweit.

Den Haaptdeel vun der Kierch, deen iwwer dem Buedem läit, ass ronn an huet en Duerchmiesser vun 125 Meter mat 8.600 Sëtzplazen.

Architekt war de Griich Alexandros Tombazis.