Earl Tupper

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Earl Silas Tupper, gebuer den 28. Juli 1907 zu Berlin (New Hampshire), a gesuterwen de 5. Oktober 1983 war den Erfinder vun Tupperware, Plastikbehälter fir Liewensmëttel ze versuergen.

Wéi den Tupper an der Tëschekrichzäit bei DuPont Chemical Company geschafft hat, krut hien Stécker vu Polyethylen-Offall. Dëst Material huet den Tupper gebotzt an et nei ageschmolt fir Dëppercher, Tasen, Platen doraus ze formen. Zuguer Gasmasken, déi am Zweete Weltkrich vun der amerikanescher Arméi gebraucht goufen huet den Tupper aus sengem onzerbrichleche Material gegoss. Fir waasserdicht a loftdicht Deckelen huet hien de System vun de Faarfdousen iwwerholl. 1938 huet hien Tupperware Plastics Company gegrënnt, an 1946 krut de Client dem Tupper seng Produkten an de Butteker ze kafen. Mee, Ufanks der Foffzegerjoren huet den Tupper säi Verkafssystem geännert. Tupperware gouf aus de Butteker geholl a gouf nëmme nach op private Partië verkaaft. Dee Marketing-System ass zanterhier vu munneche Firmen imitéiert ginn.

1958 huet den Tupper, no Gedeessems mat sengen Associéën, Tupperware un Dart Industries verkaaft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]