Ekologie
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Ecologie)
D'Ekologie ass eng Wëssenschaft bannent der Biologie, déi sech mat den Organismen an hirer natierlecher Ëmwelt a mat de Wiesselbezéiungen tëscht deenen zwee beschäftegt. Jee no methodologescher Approche kann een ënnerscheeden tëscht:
- Autoekologie: am Mëttelpunkt steet e Liewewiesen oder eng Aart a studéiert gëtt den Afloss vun den abiotesche Facteuren op dës Aart an d'(evolutiv) Upassunge vun där Aart un déi Facteuren, z. B. wéi eng Strategien hu Fësch fir mam Salzgehalt vum Mierwaasser eens ze ginn.
- Synekologie: beschäftegt sech mam Studium vun Ekosystemer.
- Demekologie: ass d'Ekologie vu Populatiounen an ënnersicht d'Bezéiungen tëscht enger Populatioun an hirem Liewensraum, z. B. wéi vill Individue vun enger Aart e bestëmmte Biotop ophuele kann.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Massard, J.A. & G. Geimer (1993): Initiation à l'écologie. Principes généraux de l'écologie et notions sur le milieu naturel luxembourgeois ainsi que sur les problèmes de l'environnement au Grand-Duché de Luxembourg. 2e édition. Luxembourg, Ministère de l'Education nationale, 297 S.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ekologie – Biller, Videoen oder Audiodateien |