Eenhar

Vu Wikipedia
D'Damm an d'Eenhar, Wandteppech aus dem 15. Joerhonnert am Musée de Cluny zu Paräis

D'Eenhar ass e Fabeldéier dat engem Päerd oder enger Geess gläicht, am Allgemenge beschriwwe mat wäissem Pelz, engem Päerdskierper, engem Geessebaart, gespléckt Houf an e grousst, riicht, spatzt spiralfërmegt Har an der Mëtt vun der Stier, dat seng Haaptcharakteristik bilt.

D'Eenhar gëtt zanter der anticker griichescher Mythologie ernimmt, ënner dem Numm monokeros (μονόκερως). Et gëtt dat wichtegst imaginäert Déier vum Mëttelalter u bis an d'Renaissance, sief et an der Ikonographie vun de mëttelalterleche Béischten, déi et als wëllt Bëschdéier beschreiwen, Symbol vu Rengheet a Charme, dat just vun enger Jongfra gefaange ka ginn, oder an den Enzyklopedien huet säin Har d'Gof d'Waasser vun all Gëft ze rengegen a Krankheeten ze heelen. Objete wéi authentesch erwisen "Hare vun Eenhare" goufe wärend dëser Period getosch.

Et entdeckt ee lues a lues datt déi "Hare vun Eenharen" a Wierklechkeet d'Waff vum Narwal sinn, an dat déi multipel Beschreiwunge vum Eenhar mat de Mëssbildunge vum Rhinozeros an den Antilopen iwwereneestëmmen. D'Gleewen un d'Existenz vum Eenhar gëtt bis an d'Hallschent vum 19. Joerhonnert a souguer nach haut debattéiert, d'Béischt intresséiert Theologen, Dokteren, Naturalisten, Dichter, "Gens-de-lettres", Esoteristen, Alchimisten, Symbolisten an Historiker.

An der Fantasyliteratur ass d'Eenhar déi typeschst a beschtbekannt legendär Kreatur, vill Aarbechte vu Geléierten a Fiktiounswierker sinn him consacréiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eenharen – Biller, Videoen oder Audiodateien