Elinor Ostrom

Vu Wikipedia
Elinor Ostrom
Gebuertsnumm Elinor Claire Awan
Gebuer 7. August 1933
Los Angeles
Gestuerwen 12. Juni 2012
Bloomington
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Kalifornien zu Los Angeles,
Beverly Hills High School
Aktivitéit Ekonomist, Politolog, Universitéitsprofesser
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society, American Association for the Advancement of Science


D'Elinor Ostrom, gebuer de 7. August 1933 zu Los Angeles als Elinor Claire Awan a gestuerwen den 12. Juni 2012 zu Bloomington, Indiana, war eng US-amerikanesch Professesch fir Politikwëssenschaft op der Indiana University zu Bloomington. Mat hirem Mann Vincent Ostrom zielt si zu de Grënner vun der Bloomington School.

2009 krut si, als éischt Fra, den Nobelpräis fir Ekonomie, nieft dem Oliver E. Williamson, fir gewisen ze hunn, wéi ee gemeinschaftleche Besëtz mat Succès vun enger Benotzerorganisatioun geréiert ka ginn[1].

Allgemeng war hiert Haaptfuerschungsgebitt d'Fro, wéi d'Mënschen an a mat hirem Ekosystem nohalteg interagéiere kënnen.

Hiert bekanntst Wierk ass Governing the Commons: The Evolution of Institutions for Collective Action (1990), an deem se sech domat befaasst, wéi sech kollektiivt Handele bei knappse Ressourcen, déi zesumme benotzt ginn ("Allmenden", Gemeinschaftsgidder), äussert.

Als Resümmee vun hirer Fuerschung nennt d'Ostrom follgend Prinzipie fir datt Allmende-Systemer mat Succès geréiert kënne ginn[2].

  1. Kloer definéiert Grenzen an eng effektiv Méiglechkeet, Net-Berechtegter auszeschléissen.
  2. D'Reegelen, wéi d'Ressourcë vun Allmenden ugëeegent a presentéiert ginn, mussen de lokale Konditiounen ugepasst sinn.
  3. D'Benotzer musse bei Decisiounen iwwer Ännerunge vun de Benotzungsbedéngunge matmaache kënnen, soudatt déi, wann néideg optiméiert kënne ginn.
  4. D'Reegele mussen agehalen an iwwerwaacht ginn.
  5. Graduell Sanctionnéierungsméiglechkeete bei Verstéiss géint d'Reegelen.
  6. Mechanisme fir Konflikter ze léisen.
  7. Iwwergeuerdent Regierungsautoritéite mussen d'Selbstbestëmmung vun der Communautéit unerkennen.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Was mehr wird, wenn wir teilen. Vom gesellschaftlichen Wert der Gemeingüter. Mam Silke Helfrich (Hrsg.), Oekom Verlag, München 2011. ISBN 978-3-86581-251-3
  • Gemeingütermanagement – eine Perspektive für bürgerschaftliches Engagement [Governing a Commons from a Citizen's Perspective]. In: Silke Helfrich/Heinrich-Böll-Stiftung (Hrsg): Wem gehört die Welt? Zur Wiederentdeckung der Gemeingüter [1], S. 218–228, Oekom Verlag, München 2009. ISBN 978-3-86581-133-2
  • Understanding Knowledge as a Commons. From Theory to Practice. Mam Charlotte Hess (Hrsg.), The MIT Press, Cambridge, Massachusetts 2007, ISBN 0-262-08357-4
  • Trust and Reciprocity. Interdisciplinary Lessons for Experimental Research. (Elinor Ostrom und James Walker (Hrsg.): Russell Sage Foundation Series on Trust, Band 6). Russell Sage Foundation, New York 2003, ISBN 0-87154-647-7
  • A Grammar of Institutions. Mit Sue E. S. Crawford, in: Elinor Ostrom (Hrsg.): Understanding Institutional Diversity. Princeton University Press, Princeton, NJ 2005, S. 137–174. Originally published in: American Political Science Review. Band 89, Nr. 3, September 1995, S. 582–600. Reprinted in: Michael McGinnis (Hrsg.): Polycentric Games and Institutions. Readings from the Workshop in Political Theory and Policy Analysis. University of Michigan Press, Ann Arbor 2000, S. 114–155, ISBN 0-472-06714-1
  • Rules, Games, and Common-Pool Resources. Mam James Walker a R. Gardner, Michigan University Press, Ann Arbor 1994. ISBN 0-472-06546-7
  • Institutional Incentives and Sustainable Development. Infrastructure Policies in Perspective. Mam Larry Schroeder a Susan Wynne, Westview Press, Boulder 1993, ISBN 0-8133-1619-7
  • Crafting Institutions for Self-Governing Irrigation Systems. ICS Press, San Francisco 1992, ISBN 1-55815-168-0
  • Governing the Commons: The Evolution of Institutions for Collective Action [2]. Cambridge University Press, Cambridge 1990, ISBN 0-521-40599-8
    • Dt.: Die Verfassung der Allmende: jenseits von Staat und Markt. Mohr, Tübingen 1999, ISBN 3-16-146916-X
  • An Agenda for the Study of Institutions. In: Public Choice. Band 48, Nr. 1, Januar 1986, S. 3–25. Reprinted in: Claude Menard (Hrsg.): The Foundations of the New Institutional Economics. Band 1, Edward Elgar, Cheltenham, UK 2004, S. 429–451. Reprinted in: Michael McGinnis (Hrsg.): Polycentric Games and Institutions. Readings from the Workshop in Political Theory and Policy Analysis. University of Michigan Press, Ann Arbor 2000, S. 89–113, ISBN 0-472-06714-1
  • Handeln statt Warten: Ein mehrstufiger Ansatz zur Bewältigung des Klimaproblems In: Leviathan – Berliner Zeitschrift für Sozialwissenschaft 39/2011, S. 267–278, DOI 10.1007/s11578-011-0114-1.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Dragos Aligica, Peter J. Boettke: Challenging Institutional Analysis and Development. The Bloomington School. Routledge, London, 2009. ISBN978-0-415-77821-3
  • Mark Sproule-Jones: "The concept of contingency and the scholarship of Elinor Ostrom on the commons". In:Journal of economic behavior & organization 57, 2005, Nr.2, S.231–235. ISSN0167-2681

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Elinor Ostrom – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Vgl. Notiz bei nobelprize.org, 12. Oktober 2009
  2. Politikwissenschaft, Band 2, Paul Kevenhörster, VS Verlag für Sozialwissenschaften, 2006, ISBN 3-531-15184-3, S. 357.