Emmanuel d'Huart

Vu Wikipedia
Emmanuel d'Huart
Gebuer 10. August 1795
Zowaasch
Gestuerwen 8. Januar 1856
Fléischengen
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Offizéier, Historiker

Den Emmanuel d'Huart, gebuer den 10. August 1795 um Schlass vu Lasauvage, a gestuerwen den 8. Januar 1856 zu Florange, war e franséischen Offizéier an Historiker.[1]

Hien ass zu Metz an de Lycée gaangen, a goung dono ë. a. zu Saint-Cyr an d'Offizéieschschoul. Hien huet an der franséischer Arméi ënnert dem Napoléon an dem Louis XVIII. an der Garde royale gedéngt. 1828 huet hien d'Schmelze vu Lasauvage a vun Hierkereng verkaaft. Hie war mat der Gräfin Julie de Béthune-Saint-Venant bestuet; si hate véier Jongen.

A sengem Schlass vu Bétange an der Gemeng Florange huet hien eng Mass vun historeschen Artikele iwwer d'Lokalgeschicht aus der Emgéigend, iwwer Folklor an iwwer d'Geschicht vun der Famill d'Huart geschriwwen, déi ë. a. a loutrengeschen Zäitschrëften, an an de Publikatioune vun der Lëtzebuerger Archeologescher Gesellschaft erauskoumen.

1834 huet de Victor-François de Wendel d'Schlass vu Bétange kaaft, deen et dunn 1856 dem Théodore de Gargan verkaaft huet.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Evy Friedrich: Kalennerblieder 1. Lëtzebuerg, Bourg-Bourger, 1979, S.16.
  2. "Histoire du château et du parc de Bétange." chateaudebetange.com (nogekuckt 2023-01-16).