Energiepass

Vu Wikipedia

Den Energiepass ass en Dokument, dat d'Energieeffizienz vun engem Gebai zertifiéiert.

Zu Lëtzebuerg ginn d'Opstellen, d'Ufuerderungen, d'Grondsätz an d'Grondlage vum Energiepass am Règlement Grand-Ducal iwwer d'Energieeffizienz vu Wunngebaier vum 30. November 2007 an am Règlement Grand-Ducal iwwer d'Energieeffizienz vun Netwunngebaier vum 31. August 2010 gereegelt. Déi Reglementer sollen d'EU-Directive 2002/91/EG (EPBD Energy Performance of Buildings Directive) an nationaalt Recht ëmsetzen.

Déi lëtzebuergesch Veruerdnung definéiert déi zwéin Typpe vu Gebaier follgendermoossen:

  • Wunngebai: Gebai wou op d'mannst 90% vun der Energiebezuchsfläch fir Wunnzwecker bestëmmt sinn
  • Netwunngebai: Gebai wou manner wéi 90% vun der Energiebezuchsfläch fir Wunnzwecker bestëmmt sinn

Den Energiepass fir Wunngebaier ëmfaasst fënnef Säiten. Déi éischt zwou Säiten deelen d'Gebai an dräi Klassen iwwer d'total Energieeffizienz, de Wärmeschutz an d'Ëmweltwierkung an. All Klass geet vun A (niddregen Energiebedarf) bis I (héijen Energiebedarf). Déi drëtt Säit beschreift déi technesch Anlage vum Gebai a gëtt den Endenergiebedarf un. Op der Säit véier steet den tatsächleche Verbrauch vun deene leschte Joren (op d'mannst dräi lescht Joer). Déi lescht Säit ass eng vun deene wichtegsten, well do déi effektiivst Sanéierungsmoossname mat der Energieerspuernis a Käschtenerspuernis virgestallt ginn.

Den Energiepass gëllt fir 10 Joer.

Opstellen[änneren | Quelltext änneren]

De Pass ass am prinzip obligatoresch fir all Neibau, Erweiderung, Modifikatioun vum thermesche Mantel an all substantiell Transformatioun, souwéi bei engem Wiessel vum Proprietär oder Locataire vu Wunn- an net-Wunngebaier.

Net vun de Reglementer betraff si speziell landwirtschaftlech Gebaier mat enger niddreger Nofro un Energie, Netwunngebaier mat enger grousser permanenter Ëffnung no baussen, provisoresch Gebaier mat enger Benotzungsdauer vun manner wéi 2 Joer, Kultplazen a Reliounshaiser souwéi Gebaier mat manner wéi 50 m² Energiebezuchsfläch.

Fir Wunngebaier a fir nei Netwunngebaier gëtt den Energiepass op Basis vum Besoin (bedarfsorientéiert) berechent an opgestallt. Déi Berechnungsmethoden an normaliséiert Randbedingungen erlaben et eenzel Gebaier energeetesch mateneen ze vergläichen. Fir all aner Netwunngebaier gëtt de Pass op Basis vu gemoossene Vebrauchswäerter opgestallt.

Den Energiepass fir Netwunngebaier ënnerscheet sech vun deem fir Wunngebaier ënner anerem doduerch, datt déi komplett Technik, wéi Beliichtung, Entlëftung, Waarmwaasserbereedung, Heizung, Klimaanlag, Loftbe- an entfiichter consideréiert gëtt.

Am Fall vun engem gemëschte Gebai (fir Wunnzwecker an Netwunnzwecker) kann et geschéien, datt zwéin Energiepäss opzestelle sinn, een Netwunngebaipass an een Energiepass fir d'Wunnfläch.

Nëmme vum lëtzebuergesche Wirtschaftsministère agreéiert Experten a Membere vum Ordre des Architectes et Ingénieurs Conseils däerfen den Energiepass ausstellen.

[1] [2] [3] [4]

Gesetzer, Normen a Reglementer[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Energiepass fir Wunngebaier zu Lëtzebuerg energiepass.lu, 15. Juni 2010
  2. Den Energiepass fir Netwunngebaier zu Lëtzebuerg energiepass.lu, 12. Oktober 2010
  3. Den Energiepass / Certificat énergétique my-energiepass.lu, Lëtzebuerg 2010
  4. FAQ Energiepass myenergy.lu, Lëtzebuerg 2010