Fesselung (Schach)
D'Fesselung am Schachspill ass eng Stellung, an där eng Figur net zéie kann, well se sech an der Wierkungslinn tëschent enger géignerescher Figur an dem eegenen Kinnek oder engem wichtegen Feld befënnt. Et ginn dräi Zorte vu Fesselungen ënnerscheet:
- Echt Fesselung: déi gefesselt Figur kann iwwerhaapt net regelkonform zéien.
- Bal echt Fesselung: déi gefesselt Figur kann nëmmen innerhalb vun der Wierkungslinn vun der géignerescher Figur zéien oder eventuell déi fesselnd Figur schloen.
- Onecht Fesselung: déi gefesselt Figur ass streng no de Spillregelen duerch d'Fesselung selwer net an hirer Bewegung ageschränkt.
Fesselunge sinn eng vun deenen heefegsten Elementer vun enger Schachtaktik. D'Fesselen vun enger Figur bedeit meeschtens hir Schwächung. Et muss een och domat rechnen, datt de Géigner déi gefesselt Figur e puer mol ugräift.
Inhaltsverzeechnes |
Prinzipiell Duerstellungen [änneren]
Echt Fesselung [änneren]
Bei enger echter Fesselung kann déi gefesselt Figur iwwerhaapt net regelkonform zéien, well soss de kinnek am Schach stoe géng.
Hei gëtt de schwaarze Sprénger op c6 duerch de wäisse Leefer op b5 gefesselt. De Sprénger op c6 kann net zéien.
Wäiss dreet am nächsten Zuch de Bauer op d4 no d5 ze zéien an de Sprénger z'erueweren.
Schwaarz kann d'Fesselung ophiewen, andeems en entweder de Leefer no d7 stellt oder andeems en de Kinnek aus der Wierkungslinn vum wäisse Leefer wegzitt, zum Beispill no d8. Och mat Sb8-d7 wier d'Fesselung opgehuewen, allerdéngs ass dat e schwaachen Zuch, well dann de Sprénger duerch Lb5xc6 ee Sprénger verluer geet.
Bal echt Fesselung [änneren]
Bei enger bal echter Fesselung kann déi gefesselt Figur nëmmen innerhalb vun der Wierkungslinn vun der géignerescher Figur zéien. D'Wierkungslinn vun der géignerescher Figur kann se net verloossen, well se soss de Kinnek engem Schach aussetze géngen.
An dëser Stellung ass de schwaarze Leefer op b5 duerch de wäisse Leefer a4 gefesselt. Trotzdem huet en d'Méiglechkeet ze zéien: E kann op c6 oder op d7 zéien oder awer de Leefer op a4 schloen. Aner Zich si fir de schwaarze Leefer net méiglech.
Onecht Fesselung [änneren]
Bei enger onechter Fesselung ass déi gefesselt Figur no de Spillregelen duerch d'Fesselung selwer net an hirer Bewegung ageschränkt, e Wegzéie vun der gefesselter Figur kann awer de Verloscht vun der Figur, déi hannert hir stoung, zur Folg hunn. An dësem Fall ass d'Figur net un de Kinnek, mais zum Beispill un d'Damm gefesselt.
Am Diagramm ass de schwaarze Sprénger op c6 duerch de wäissen Tuerm op c1 gefesselt. Géng de Sprénger zéien, da kéint den Tuerm déi schwaarz Damm schloen.
Schwaarz kann d'Fesselung ophiewen, andeems en seng Damm vun der c-Linn wegzitt.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| Fesselung virun engem wichtige Feld Schwaarz um Zuch |
An dësem Diagramm ass déi schwaarz Damm duerch de wäissen Tuerm ugegraff. Dohannert steet keng Figur. Trotzdem sollt d'Damm net vun der b-Linn wegzéien, well doss Tb1-b8# mat Matt dreet. Schwaarz muss dowéinst d'Damm fir den Tuerm afferen a steet op Verloscht.
An dëser Stellung bréngt d'Fesselung näischt. De gefesselte Sprénger zitt mat Schachgebot no d3. Duerno verléiert Wäiss den Tuerm op c1.
Beispiller [änneren]
Aus der Turnéierpraxis [änneren]
Studentenolympiad, 1966
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| Stellung nom 21. Zuch vu Schwaarz |
Studentenolympiad, 1966
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| Stellung nom 23 .Zuch vu Schwaarz |
Am lénksen Diagramm fesselt de wäisse Leefer op b3 de schwaarze Bauer op f7. Dohier dréit dëse Bauer net zur Deckung vum Bauer op g6 bäi. De Bauer op g6 ass engersäits zweemol ugegraff, nämlech duerch d'Damm op g4 a - verdeckt - duerch den Tuerm op d6, anerersäits ass en nëmmen eng Kéier gedeckt, nämlech duerch déi schwaarz Damm (mais net duerch de Bauer op f7). An der Partie gouf dohier 22. Dxg6+ Dxg6 23. Txg6+ Sg7 gespillt.
Lo ass och de schwaarze Sprénger op g7 gefesselt (rietsen Diagramm). No 24. Th1-g1 huet Schwaarz opginn, well en de Sprénger verléiert.
Kräizfesselungen [änneren]
A verschiddene Fäll kann een eng Fesselung och ofwieren, andeems een déi fesselnd Figur selwer fesselt.
Meeschterschaft vun der British Chess Federation, 1988
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| Stellung nom 22. Zuch vu Schwaarz |
Meeschterschaft vun der British Chess Federation, 1988
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| Stellung nom 25. Zuch vu Schwaarz |
Am lénksen Diagramm ass de wäissen Tuerm op e3 vun der schwaarzer Damm ugegraff a gefesselt. 23. Tae1 (deckt den ugegraffenen Tuerm op e3) Sc3! lo ass de gefesselten Tuerm nach eng Kéier ugegraff, nämlech duerch de schwaarzen Tuerm op e5. 24. Dg3 deckt den Tuerm nach eng Kéier Txe3 25. Dxe3 Te8! Dësst ass eng Kräizfesselung. Déi wäiss Damm ass souwuel duerch déi schwaarz Damm gefesselt (bal echt Fesselung) wéi och duerch de schwaarzen Tuerm (onecht Fesselung, well beim Ewechzéie vun der Damm de wäissen Tuerm op e1 hänkt).
De Plaskett huet d'Partie op dëser Plaz opginn. Op 26. Dxb6 wier Txe1+ 27. Kf2 Te2+ nieft axb6 geschitt. No 29. Lxc3 Txa2 hätt Schwaarz eng Gewënnstellung gehat.
Entfesselung [änneren]
Bal ëmmer ass et ze roden, eng Fesselung méiglechst bal opzehiewen, fir datt déi gefesselt Figur nees beweeglech gëtt. Dat ka folgendermoosse geschéien:
- Ugrëff oder Oftausch vun der fesselnder Figur
- Ophiewen vum Fesselungsgrond (meeschtens ass dat d'Wechzéie vun der Figur déi hannert der gefesselter Figur steet aus der géignerescher Wierkungslinn; gëtt géint ee wichtegt Feld gefesselt, wéi zum Beispill e Mattfeld, da kann duerch d'Deckung vun dësem Feld och de Fesselungsgrond wechfalen)
- Dozweschestellen vun enger weiderer Figur an d'Wierkungslinn. Et entsteet dann eng Halleffesselung, déi allerdings net déi vollstänneg Bewegungsonfähegkeet vun deenen zwee Figure garantéiert an nom Ofzuch vun enger vu béide Figuren duerch d'Fesselung vun der anerer neess vun Nodeel si kann.
Beispillvariant aus der Tschigorin-Verdeedegung: 1. d2-d4 d7-d5 2. c2-c4 Sb8-c6 3. c4xd5 Dd8xd5 4. e2-e3 e7-e5 5. Sb1-c3 Lf8-b4 (Fesselung) 6. Lc1-d2 (Entfesselung) Lb4xc3 7. Ld2xc3 e5xd4 8. Sg1-e2 (Oprechterhalung vun der Fesselung) Lc8-g4 (Fesselung) 9. f2-f3 (Entfesselung).
Fesselungen ignoréieren [änneren]
A verschiddene Fäll kann een eng onecht Fesselung och ignoréieren, nämlech wann et geléngt, Géigendrohungen opzestellen. E Beispill dofir ass de Seekadettematt an der Partie Kermury Sire de Legal - St. Brie, Paräis 1750. Wäiss ignoréiert d'Fesselung, affert seng Damm a setzt am Géigenzuch matt.
6. International Meeschterschaft U8
Sebnitz, 23. Oktober 2006
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| Stellung nom 10. Zuch vu Schwaarz |
Am folgende Beispill trëtt e ganz ähnlecht Motiv op. Béid Spiller waren héchstens aacht Joer al.
1. e4 c5
2. d4 cxd4
3. c3 dxc3
4. Sxc3 Sc6
5. Lc4 Sf6
6. Sf3 d6
7. Le3 Lg4?
8. h3 Lh5
9. O-O a6
10. De2 Se5? (kuckt Diagramm)
11. Sxe5 Lxe2?
12. Lxf7 matt