Flora a Fauna vun Australien
D'Flora a Fauna vun Australien konnt sech laang ouni Afloss vun aneren Ökosystemer getrennt entwéckelen.
Duerch déi isoléiert Lag vum Kontinent si méi wéi 80 % vun den australesche Planzenaarten endemesch, dorënner honnert vun Akazien- an Eukalyptusaarten. Landschaftsprägend si méi wéi 600 verschidden Zorte vun Eukalyptusbeem (95 % vun de Beembestänn).
Obgronn vun der äerdgeschichtlecher Entwécklung liewen an Australien Beidelmamendéieren wéi Koalabieren a Känguruen.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
Nom Ofdrifte vun Australien vum Superkontinent Gondwana virun ongeféier 100 Millioune Joer, konnt déi urzäitlech Flora a Fauna sech wéinst der Isolatioun ongestéiert entwéckelen.
Nom Ënnergang vun den Dinosaurier, hu sech an Australien d'Béidelmamendéieren duerchgesat.
[änneren] Déierewelt
Känguruen sinn nëmmen eng vu bal 180 Beideldéierenaarten. Si hunn sech dem dréchene Klima an den nierstoffaarme Biedem vum Kontinent perfekt ugepasst. Australien ass ausserdem e Paradäis fir Insekten a Reptiller. Di meescht sinn harmlos, mä verschidde Spannen a Schlaange sinn héich gëfteg a liewensgeféierlech. 80 % vun de Mamendéieren, 47 % vun de Vullen, 89 % vun den Reptiller an 90 % vun de Spannendéieren an Insekten sinn eenzegaarteg.
Di eenzeg Nokommen vun den Urmamendéieren déi nach liewen sinn d' Schnieweldéieren an de Seechomessekéisécker. Hir speziell Eegeschaft ass datt si Eeër leeën an hiren Nowues nieren.
[änneren] Liewensraum
Australien ass vun Natur aus e salzege Kontinent. Kristaller gi vum Wand aus den Ozeanen erausgeblosen a setzen sech schonn zënter Jordausenden am Ënnergrond, virun allem am Grondwaasser of. D'Vegetatioun huet sech denen aussergewéinlechë Bedengungen ugepasst. D'Planze duckelen mat hire laange Wuerzelen d'Reewaasser op an halen de Grondwaasserspigel konstant.
An Australien ginn et eng Rei ganz verschiddë Liewensräim. Een Deel besteet aus Wüst, Steppen a Savannen. Da ginn et nach d'Eukalyptusbëscher, Graslandschaften an Reebëscher. All Liewensraum steet fir eng eegen Déieren- a Planzewelt.
Am Outback begéint een eng eenzegaarteg Déierewelt. Di meescht Déieren liewen an Nationalparken oder an der Wëldness. Di geschützten Landflächen erstrecken sech iwwert 580.000 km2 (7,5 % vum australesche Festland).
[änneren] Ecologie
Vill Déieren a Planze si vum Ausstierwe bedreet. D'Mënsche ginn ëmmer méi wäit an d'Natur eran a bauen hir Sidlungen an denen zerbriechlechen Ökosystemer. All Dag ginn ëmmer méi Beem ofgeholzt an dat mat tragesche Konsequenzen. Ouni de Schutz vun de Beem leid di dënn Äerdkuuscht. De Grondwaasserspigel verännert sech. A verschiddenë Regioune klëmmt d'Salz mam Waasser aus de Gestengszonen un d'Iwwerfläch a verdierwt de Buedem. Di landwirtschaftlech Bewässerungsanlagen verbëtzen d'Waasser an di scho rar Sumpfgebidder a Séilandschafte verschwanne lues a lues. Dës Schied si schonn entstane wéi die éischt Immigranten aus Europa virun 200 Joer an Australien ausgewandert sinn.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Animals of Australia – Biller, Videoen oder Audiodateien |