Endemismus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Endemismus ass e Fachausdrock aus der Biologie oder Biogeographie, a beschreift den Ëmstand datt et e Liewewesen nëmmen op enger ganz bestëmmter Plaz gëtt. Dat ass e Phenomen deen e virun allem op isoléierte Plaze fënnt. Dobäi kann et sech ëm eng Insel handelen, wei d'Galápagos, allerdéngs kann et och de Fall si fir Hielen, oder Biergregiounen, well och déi deemno wéi schwéier z'erreeche sinn. Me awer och op Kontinenter schwätzt ee vun Endemiten, wéi zum Beispill de Koala an Australien.
Endemismus ass proportional zur Isolatioun, jee méi ofgeleeën a schwéier erreechbar eng Plaz ass, ëmsou méi Endemismus kann observéiert ginn.