Galápagosinselen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Galápagos-Archipel
De Galápagos-Archipel

D'Galápagosinselen (op Spuenesch Islas Galápagos, offiziell Archipiélago de Colón) bilden en Archipel vu vulkaneschen Inselen am Pazifeschen Ozean ëm den Equator, ronn 1000 km westlech vum Land Ecuador.

Galápagosinselen

Den Archipel besteet aus 19 méi oder manner groussen, an Dosende vu verstreete, klenge bis winzegen Inselen, déi zesummen eng Provënz, mat der Haaptstad Puerto Baquerizo Moreno, vun Ecuador bilden. Nëmme véier Insele si bewunnt, mat zesummen 30.000 Awunner.

Den Numm Galápagos kënnt vum Spuenesche galápago, Suedel, dëst wéinst der opfälleger Suedelform vum Panzer vun enger Partie vun de Rise-Landschildkröten op den Inselen.

De ganzen Archipel, zesumme mat dem Mier ronderëm, gehéiert zum Galápagos-Nationalpark, dee streng geschützt ass.

D'Galápagosinsele si berühmt wéinst hire villen endemeschen Aarten (Aarten déi nëmmen hei virkommen) an och wéinst dem Openthalt vum Charles Darwin am Joer 1835, deen hei e wichtegen Ustouss fir d'Opstelle vu senger Evolutiounstheorie fonnt huet.

Wichtegst Inselen, der Gréisst no[änneren | Quelltext änneren]

Isabela, Santa Cruz, Fernandina, Santiago, San Cristóbal, Floreana, Marchena, Española, Pinta, Baltra, Santa Fe.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kricher, J., 2002. Galápagos. Smithsonian Natural History Series. (Dat wahrscheinlech beschte Buch iwwer d'Galápagosinselen, hiert Entstoen, Geographie, Geschicht an hir Déieren a Planzen).
  • Swash, A. & R. Still, 2005 (2. Ed.) Birds, Mammals and Reptiles of the Galapagos Islands. Christopher Helm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: GalapagosGalápagosinselen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]