Fondation EME

Vu Wikipedia

Déi lëtzebuergesch Fondatioun EME - „Écouter pour Mieux s'Entendre“, gouf den 21. Januar 2009 gegrënnt. Et ass eng „Fondation d'utilité publique“, déi benodeelegte Leit, déi normalerweis aus dem kulturelle Liewen ausgeschloss sinn, en Zougank zu der Musek bidde wëll.

Ziler[änneren | Quelltext änneren]

  • sozial Barriären iwwerwannen, fir benodeelegte Leit e besseren Zougank zu kulturellen Aktivitéiten ze bidden.
  • Leit, déi keng Méiglechkeet hunn, an e Concert ze goen, um kulturelle Liewen deelhuele loossen, zum Beispill duerch Projeten a Klinicken, Altersheemer oder Prisongen.
  • duerch speziell Workshoppen d'Kreativitéit vun all Eenzelen entwéckelen.
  • Concerten „op Mooss“ organiséieren, déi un d'Bedürfnisser vun de jeeweilige Participanten ugepasst sinn.

Projeten[änneren | Quelltext änneren]

Hei e puer Beispiller vu scho realiséierten oder geplangte Projeten:

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Le Jeudi, Blue émeut, Sylvie Martin, 5 juin 2009.
  2. Revue, Blues hinter Gittern, Tina Noroschadt, 16 décembre 2009