Fondation EME
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Fondatioun EME)
Déi lëtzebuergesch Fondatioun EME - „Écouter pour Mieux s'Entendre“, gouf den 21. Januar 2009 gegrënnt. Et ass eng „Fondation d'utilité publique“, déi benodeelegte Leit, déi normalerweis aus dem kulturelle Liewen ausgeschloss sinn, en Zougank zu der Musek bidde wëll.
Ziler
[änneren | Quelltext änneren]- sozial Barriären iwwerwannen, fir benodeelegte Leit e besseren Zougank zu kulturellen Aktivitéiten ze bidden.
- Leit, déi keng Méiglechkeet hunn, an e Concert ze goen, um kulturelle Liewen deelhuele loossen, zum Beispill duerch Projeten a Klinicken, Altersheemer oder Prisongen.
- duerch speziell Workshoppen d'Kreativitéit vun all Eenzelen entwéckelen.
- Concerten „op Mooss“ organiséieren, déi un d'Bedürfnisser vun de jeeweilige Participanten ugepasst sinn.
Projeten
[änneren | Quelltext änneren]Hei e puer Beispiller vu scho realiséierten oder geplangte Projeten:
- BLUE: en interaktive Projet, deen all d'Sënner uschwätzt an extra fir Mënsche mat engem Polyhandicap oder vun Autismus betraffe Participante geduecht ass. BLUE gouf vun der englescher Theatergrupp Oily Cart kreéiert an an der Philharmonie zu Lëtzebuerg vu lëtzebuergesche Kënschtler opgefouert.[1]
- eng ganz Rei Concerten op de Palliativstatiounen an diverse lëtzebuergesche Klinicken an a Fleegeheemer.
- eng Aféierung an d'Musek an d'Formatioun vun enger Blues-Band zu Schraasseg am Prisong. De Projet hält op mat enger Rei vu Concerte fir déi aner Prisonéier an hir Famillen.[2].
- Offiziell Homepage vun der Fondatioun EME.
- Offiziell Homepage vun der Philharmonie Luxembourg.