Fontaine-Française
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Dijon | ||||
| Kanton | Fontaine-Française | ||||
| Code Insee | 21277 | ||||
| Postcode | 21610 | ||||
| Koordinaten | 47° 31' 34" N 05° 22' 14" O |
||||
| Fläch Uertschaft | 3 066 ha | ||||
| Bevëlkerung Uertschaft | 916 (1999) | ||||
Fontaine-Française ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Côte-d'Or an der franséischer Regioun Bourgogne.
Se läit am Dall vun der Vingeanne déi do parallel mat dem Canal de la Marne à la Saône leeft. Am Westen an am Norde stéisst se un zwéi grouss Bëschmassiver, d' Forêt de Velours an d' Forêt de Fontaine-Française.
Nopeschgemengen [änneren]
Geschichtleches [änneren]
- Am fënnefte Reliounskrich dee vu 1574 bis 1576 gedauert huet, huet de Pfalzgrof Jang Casimir deen dem François vun Alençon an de Protestante mat senge Sëldner gehollef huet, d'Stad am Joer 1576 geplëmmt.
- Am aachten a leschte Reliounskrich, de vu 1585 bis 1598 gedauert huet, war um Territoire vun der Gemeng d' Schluecht vu Fontaine-Française, an där sech de 5. Juni 1595 den Henri IV. an d'Kathoulesch Liga bekricht hunn.
Bis dohinner war Fontaine-Française eng Enklav am Herzogtum Burgund gewiescht.
Duerch d'Gemeng leeft e Kiem
Kuckeswäertes [änneren]
- D' Schlass vu Fontaine-Française.
- De Bur Henri IV, en Undenken un d'Schluecht dat 1803 opgeriicht gouf.
- D'Waassermillen
- En alen Héichuewen
- Déi fréier Leprosestatioun
- D'Kierch aus dem 13. Joerhonnert
- D'Weieren, Etang du Fourneau, Etang de Bessey an Etang du Château.
| Commons: Fontaine-Française – Biller, Videoen oder Audiodateien |