Francis Bacon

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Philosoph Francis Bacon. Fir de Moler, kuckt w.e.g. Francis Bacon (Moler).
De Francis Bacon, gemoolt vum Frans Pourbus (1617).

De Francis Bacon, 1st Viscount St. Alban(s), KC gebuer den 22. Januar 1561, a gestuerwen den 9. Abrëll 1626 war en englesche Philosoph, Staatsmann, Wëssenschaftler, Jurist an Auteur.

Inhaltsverzeechnes

Liewen[änneren]

De Francis Bacon war aussergewéinleche Beroder bei der Kinnigin Elisabeth I. Hie gouf zweemol wéinst Scholde festgeholl, bis seng finanziell Situatioun sech ënner dem James I. gebessert hat. 1619 gouf hie Lord Grousskanzler a krut den Titel Baron Verulam. Dëse leschten Titel huet hie 1620 opginn zou Gonschte vum Titel vu "Vizegrof" (fr: Vicomte, eng Viscount) vu Saint-Alban.

De Bacon gëtt zu de gréissten englesche Philosophe gezielt. Hie selwer huet sech awer net ëmmer als Gentleman beholl. Sou zum Beispill an der Affaire rondrëm de Grof vun Essex deen dem Verrot beschëllegt gouf. Hie gouf och selwer a Korruptiounsskandaler verwéckelt. Seng Handlunge waren dee Moment net op Aarmut zréckzeféieren, mä éischter op Charakterschwächt. Wéinst deene Skandaler krut hie seng Ämter an Titelen oferkannt.

Wëssenschaftlech Aarbecht[änneren]

A sengem Wierk Novum Organum beschreift de Bacon experimentell Methoden, vun deenen hie seet datt Naturphenomener sech mat Observatioun an Experimenter erkläre loossen. De Bacon huet duerno d'Deelchentheorie ausgeschafft déi nach haut benotzt gëtt fir verschidde Phenomener einfach z'erklären.

Wierker[änneren]

  • Novum Organum (1620)

Éierungen[änneren]

Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Commons: Francis Bacon – Biller, Videoen oder Audiodateien