Freaks

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Informatiounen

DVD Cover 2004 vu Freaks

Filmdaten
Originaltitel: Freaks
Produktiounsland: USA
Première: 1932
Dauer: 64 Minutten
Originalsprooch: Englesch
Equipe
Regie: Tod Browning
Dréibuch: Willis Goldbeck
Leon Gordon
Edgar Allan Woolff
Al Boasberg
Kamera: Merritt B. Gerstad
David S. Horsley
Musek: Gavin Barns
Haaptacteuren: Wallace Ford : Froso
Leila Hyams : Venus
Olga Baclanova : Cleopatra
Roscoe Ates : Roscoe
Henry Victor : Hercules
Harry Earles : Hans
Daisy Earles : Frieda
Rose Dione : Madame Tetrallini
Daisy Hilton: Siameseschen Zwilling
Violet Hilton : Siameseschen Zwilling
Olga Roderick : Fra mat Baart
Johnny Eck : Mann ouni Ënnerläif
Prince Randian : Torso
Frances O'Connor : Meedchen ouni Äerm
Elvira Snow : Zip
Jennie Lee Snow: Pip
Schlitze : Schlitze
Filmportal - Film no Joren
Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Den Hans an d'Frida aus dem Zirkus Tetrallini hu sech gär. Den Hans huet awer och en A op d'Trapezkënschtlerin Cleopatra geworf. D'Cleopatra bestuet sech da mat dem Liliputaner Hans, eleng wéinst dem Hans sengem Geld.

Iwwer de Film[änneren | Quelltext änneren]

Freaks as eent vun deenen aussergewéinlechste Wierker aus der Filmgeschicht.

D'Rolle vun de "Freaks" gi gespillt vu Mënschen, déi wierklech déforméiert oder handikapéiert sinn. De Film ass awer a kengem Moment voyeuristesch. E probéiert och a kengem Moment d'Matleed beim Nokuckert fir déi anormal Acteuren ervirzeruffen. Et sinn och net d'Freaken déi als déi Béis am Film optrieden, mä déi wierklech Schlecht sinn am Fong geholl déi Normal, dat heescht, déi ouni kierperlech Gebriechen.

No iwwer 70 Joer beréiert de Film nach ëmmer, an en huet näischt vu senger Wierkung verluer. De Film ass an England 30 Joer verbuede gewiescht. Dem Tod Browning seng Carrière war no Freaks sou gutt wéi eriwwer, duerno ass hie vun de Filmstudioe boykottéiert ginn.

Freaks war bis elo bal nëmmen an engem Ciné-Club oder an enger Cinémathèque ze gesinn.

DVD-Tipp[änneren | Quelltext änneren]

Am November 2004 koum de Film an enger exzellenter Fassung op DVD bei Warner Home Video eraus.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]