Fugue

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Eng Fugue ass an der Musek eng kontrapunktesch, polyphon Kompositioun, an där am Normalfall een Thema (bei enger Doppelfugue zwéi Themen), dat am Ufank eestëmmeg presentéiert gëtt, ëmmer erëm an deene jeeweilegen Stëmmen erëmzefannen ass.

D'Thema ënnerhëlt souzesoen eng Flucht (frz.: fugue resp. lat.: fuga). An enger Fugue kënnen och Tëschespiller virkommen déi net wierklech eppes mam Thema ze dinn hunn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Fugue hat hiren Héichpunkt an der Barockzäit; si huet sech aus dem Ricercare aus der Renaissance entwéckelt. An der Romantik goufen och Fuguë geschriwwen, déi awer haut als manner bedeitend ugesi ginn.

Fuguë ginn öfters vun engem Präludium, enger Toccata oder enger Fantasia ageleet. Fuguë gi meeschtens fir Tasteninstrumenter geschriwwen.

Bedeitend Fuguen resp. Fuguenzyklen vum Johann Sebastian Bach wieren:

  • Das musikalische Opfer BWV1079
  • Die Kunst der Fuge BWV1080
  • Fuga in g BWV578

Beispill fir ze lauschteren[änneren | Quelltext änneren]