Gëllene Bréif vum Kinnek Alaungpaya

Vu Wikipedia

De Gëllene Bréif vum Kinnek Alaungpaya ass e Manuskript aus dem Joer 1756 dat de Kinnek Alaungpaya vu Burma un de George II. vu Groussbritannien geschéckt hat.

Den Text vum Bréif ass a birmanesescher Sprooch an e Goldblech agravéiert, deen 12 Zentimeter breet a 55 Zentimeter laang ass. Uewen an ënnen ass de Bréif jeeweils mat enger Rei vun 12 Rubinen dékoréiert. Dozou gehéiert en ausgehielegten Elefantestousszant fir den zesummegerullte Bréif dranzestiechen.

Den 18. Januar 2011 gouf de Bréif an der Gottfried Wilhelm Leibniz Bibliothek zu Hannover virun enge 450 Invitéën der Ëffentlechkeet presentéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Leider, Jacques, 2009, King Alaungmintaya's Golden Letter to King George II (7 May 1756): The story of an exceptional manuscript and the failure of an diplomatic overture, Hannover: Gottfried Wilhelm Leibniz Bibliothek, 141 S. (Dokument am pdf-Format)