Göteborgs Operan
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Göteborgs Operan am schwedesche Göteborg ass ee vun de modernsten Operenhaiser iwwerhaapt.
D'Gebai gouf 1994 fäerdeg. Et huet eng Längt vun 160 Meter an ass bis 85 Meter breet. D'Plafangshéicht am grousse Sall ass 22 Meter, verdeelt op 8 Stäck. D'Totalfläch ass bal 29.000 Meter carré. Architekt war de Jan Izikowitz, dee beim Architektegrupp Lund & Valentin zu Göteborg schafft.
An den Haaptsall kënnen 1.305 Leit sëtzen, dovun der 750 ënnenan. Am klenge Sall sinn 230 Plazen.
D'Gebai ass equipéiert fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit, huet speziell Plaze fir Leit am Rullstull an et sinn Hëllefsmëttelen disponibel fir Leit, déi net gutt héieren.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Göteborgsoperan – Biller, Videoen oder Audiodateien |