Gasstrëmpchen

Vu Wikipedia
Eng vernéckelt Petromax®-Luucht ouni Manometer aus dem Joer 1966, Modell 826: 350 CP (HK), déi mat Spiritus virgewiermt gëtt.

Eng Gasstrëmpchen ass eng Zort Kierfchen a Form vun enger Bier aus Oxiden, deen a Luuchten, déi mat Gas funktionéieren oder an deene Pëtrol verdämpt, d'Liichtquell sinn, andeems e mat Hëllef vun der Flam un d'Liichte bruecht gëtt.

D'Gasstrëmpche gëtt fabrizéiert aus engem Tissu aus Seid oder Kotteng, dee mat speziell Salzer preparéiert gouf. Beim Liichte verbrennt den Tissu an enger Flam an d'Salzer bleiwen als Oxide Rescht. D'Gasflame selwer liichte kaum, well se am Liicht, wat ee gesäit, bal keen Emissiounsgrad hunn. Fir Gasluuchten fir ze liichten ze gebrauchen, goufe se fréier mat Gase benotzt, déi Rouscht vu sech ginn hunn, wa se gebrannt hunn, wéi de Benzol. Déi Luuchten hunn e gielzegt Licht vu sech ginn, an dat wéinst de Kuelestoffdeelercher déi gegloust hunn.
Well déi Luuchten net hell waren, ass no anere Léisunge gekuckt ginn. De Carl Auer von Welsbach huet e gestréckte Kottengsfilet an eng Léisung vu Salzer gezappt. Hien huet virsiichteg de Kotteng verbrannt, a Rescht blouf eng Zort stabille Kierfchen, deen aus Oxide bestanen huet. Hien huet dat den 23. September 1885 an Däitschland ënner dem Numm Auer-Glühstrumpf patentéiere gelooss,