Geri a Freki

Vu Wikipedia
Den Odin an déi zwéi Wëllef

De Geri an de Freki (och Gere a Freke) sinn zwéi Wëllef déi den Odin begleeden (haaptsächlech als Doudendéieren um Schluechtfeld). D'Bedeitung vun hiren Nimm ass: de Baffert (Geri) an de Gefréissegen (Freki).

Déi zwéi Wëllef dauchen déi éischt Kéier op wéi den Odin um Yggdrasil houng fir hanner d'Geheimnis vun de Runen ze kommen. D'Wëllef hu beim Bam Wuecht gehalen.

Op Walhall hu si déi Platen, déi dem Odin gereecht goufen, ze friesse kritt. Den Odin huet sech just vum Wäin erniert.

An de Lidder vun der Edda ginn dacks Wëllef oder Hënn ernimmt déi entweeder d'Asen oder d'Rise begleeden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Geri a Freki – Biller, Videoen oder Audiodateien