Walhall

Vu Wikipedia

Walhall (am alnordesche Vallhöll "Wunneng vun de Gefalenen") ass an der nordescher Mythologie d'Plaz wou déi gefale Kämpfer (Einherjer) déi sech als couragéiert bewisen hunn hir lescht Rou fannen.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

Walhall gëtt als eng Hal beschriwwen déi iwwer 540 [Source?] Dieren huet duerch déi jee 800 Einherjer gläichzäiteg d'Hal kënne betrieden. Den Daach vu Walhall besteet aus Spieren an dorop leien Schëlter, dëst sinn awer Informatiounen déi vu verschiddenen Quellen net bestätegt ginn.

Walhall läit am Odin senger Buerg Glaðsheimr an Asgard am Räich vun den Asen. Ronderëm Walhall leien d'Haiser an d'Gidder vun deenen aneren nordesche Gëtter, dem Thor säin Thrudvang mat sengem Haus Bilskirnir an dem Baldur säin Haus Breidablik.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • H. Uecker: Die altnordischen Bestattungsriten in der literarischen Überlieferung (Diss. München 1966).
  • Gustav A. Ritter: Walhalla und Olymp ;Merkur Verlag (zirka 1900)