Golf (Sport)

Vu Wikipedia
Golf
Typ Ballsportaart, Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaart 1900 bis 1904 an
zëntzer 2016
Federatioun
International International Golf Federation
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de golf
Ursprong
Ursprongsland Schottland
Aner Informatiounen
Gebraucht gëtt Golfball, Golfschléier, Golfterrain, Golf Ekipement


E Golfball
Golfspiller nom Ofschlag vum Ball
Golfspiller a Schottland

Golf ass e Ballsport, deen am Fräie gespillt gëtt, a wou et drëms geet e Ball mat Hëllef vun engem Golfschléier mat sou mann wéi méiglech Schléi an e Lach ze bréngen. Dobäi setzt sech eng Partie aus enger Rei vu verschiddene Spillbunnen zesummen, déi absolvéiert musse ginn. Genauegkeet, Ausdauer, Mentalstäerkt an Technik sinn onverzichtbar fir dee Sport.

Prinzip a Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

De Prinzip vum Golf ass et, e Ball (op d'mannst 42,67 mm Duerchmiesser, héchst Gewiicht 45,93 g) mat engem Golfschléier ((en)Club) mat sou mann wéi méiglech Schléi vun enger als Ofschlag ((en)Tee) bezeechenter Fläch an Aklang mat de Reegelen an e kreesfërmegt Lach mat 10,8 cm Duerchmiesser ze spillen, dat meeschtens e puer honnert Meter wäit ewech ass. D'Spillfeld, de sougenannte Golfterrain, ëmfaasst an der Reegel 18 Spillbunnen, déi am Ganze bis zu 7.000 Meter laang kënne sinn. Golf ass eng vun den eenzege Ballsportaarten, bei där kee fixt Standardspillfeld benotzt gëtt.

Golfterrain[änneren | Quelltext änneren]

Golf gëtt op engem Terrain gespillt, deen als Parcours ((en)Course) bezeechent gëtt. De Parcours besteet aus enger Serie vu Spillbunnen oder Lächer. An der Reegel sinn et der 9 oder 18. Den éischte Schlag pro Lach gëtt vum Tee, enger spezieller, meeschtens riichter Fläch aus gemaach. Nom Ofschlag schléit de Spiller de Ball vum Fairway, aus dem Rough oder vum Green bis datt de Ball am Lach läit. De Green ass eng speziell Fläch wou dat kreesfërmegt Lach mat engem Duerchmiesser vun 108 mm a mat engem Fändel an der Mëtt steet. De Wues ass do extreem kuerz geschnidden, sou datt de Ball gutt rullen (ouni ze sprangen) kann. Déi kuerz geschnidde Fläch tëscht dem Tee an dem Green gëtt als Fairway bezeechent. Am Géigendeel ass d'Grass am Rough, meeschtens säitlech vum Fairway, héich oder guer net geschnidden.

Op ville Lächer sinn Obstakele mat agebaut, déi aus Waasser- a Sandobstakele bestinn. Et ënnerscheet een tëscht säitlechen (markéiert duerch rout Piqueten) a frontalen (markéiert duerch giel Piqueten) Waasserobstakelen, déi sech aus Weieren a Baachen zesummesetzen. Sandobstakele gi Bunker genannt a bestinn aus enger Kaul, déi mat Sand gefëllt ass.

Golfclibb zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et 6 Golfclibb, dovu 5 mat 18 Lächer an 1 mat 9 Lächer.

  • De Golf and Country Club zu Chrëschtnech huet en 18 Lach Terrain an e 9 Lach Übungsparcours
  • De Golfclub Beelenhaff zu Jonglënster huet en 18 Lach Terrain an en 3 Lach Übungsparcours
  • De Golfclub vu Klierf huet en 18 Lach Terrain an en 3 Lach Übungsparcours
  • De Kikuoka Country Club zu Kanech huet en 18 Lach Terrain an e 6 Lach Übungsparcours
  • De Golfclub an der Gäichel huet en 9 Lach Terrain
  • De Golfclub Grand-Ducal um Findel huet en 18 Lach Terrain an e 6 Lach Übungsparcours

De Verband vun de Lëtzebuerger Golfclibb ass d'FLG.

Berüümt Golfspiller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Golf – Biller, Videoen oder Audiodateien