Great Barrier Reef
De Great Barrier Reef ass mat senger Fläch vun ongeféier 350.000 km² eent vun de gréisste Liewewiese vun der Welt a läit an Australien.
1981 gouf en vun der UNESCO op d'Lëscht vun den Weltnaturierfschafte gesat.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
De Riff erstreckt sech parallel zur Küst vu Queensland, ronn 2.400 km vun der Spëtz Cape York bis Gladstone. D'Breet variéiert tëscht 40 km bei Lizard Island bis zu 370 km bei Mackay.
Fauna a Flora [änneren]
De Great Barrier Reef besteet aus 2.900 verschiddenen klénge Riffer, 71 Koralleninselen, 4.000 Weechdéieren, 1.500 Fësch- an 300 kaleidoskopesch Korallenaarten.
Tourismus [änneren]
Tëscht de Riffer an der Küst leien 900 Inselen, dovunner sinn der allerdéngs just 20 touristesch beluecht. Di mannst vun hinnen si richteg Koralleninselen. Haaptsächlech ginn di dräi schéinsten Inselen Lizard, Bedarra an Dunk Island vun den Touristen besicht. De Great Barrier Reef ass e Magnet fir Tauchtouristen a Waassersportler.
Kuckt och [änneren]
| Commons: Great Barrier Reef – Biller, Videoen oder Audiodateien |