Green Arrow

Vu Wikipedia
Green Arrow
Createur Mort Weisinger, George Papp
Ass en(g) fiktive Mënsch, Comicfigur, animéiert Figur, Televisiounsfigur
Geschlecht männlech
Aktivitéit Entreprener, Superheld, Bouschéisser, Aktivist, Politiker, Kampfsportler, Klausener
Famill
Liewenspartner(in) Shado
Geschwëster Emiko Queen
Kanner Robert, Connor Hawke, Roy Harper
Universum
Aus DC-Universum
Present am Injustice: Gods Among Us,
Injustice 2,
Justice League Unlimited,
Batman: The Brave and the Bold

De Green Arrow (englesch fir „Grénge Feil“) ass eng Comicfigur an e Superheld vun DC Comics. Seng Createure sinn de Mort Weisinger an den George Papp. Den Held daucht fir d'éischt Kéier am More Fun Comics #73 vun 1941 op.

De Green Arrow op der ComicCon vun 2014 zu New York

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Green Arrow huet, wéi all Superheld, eng geheim Identitéit fir sech selwer, seng Famill a Frënn ze beschützen. Ënner dem Kostüm vum Green Arrow verstoppt sech de Milliardär Oliver Queen. Hie gëtt als e räiche Playboy duergestallt, deen nëmmen u Fraen an u Partyen Intressi fënnt, bis datt hien op enger verloossener Insel als Schëffsbréchege lant. Op sech eleng gestallt a well hie gesäit, datt keng Hoffnung besteet, datt hien de Wee zeréck fir heem fënnt, decidéiert den Oliver ze kämpfen, fir z'iwwerliewen.

Hien developpéiert nei Kampfaarte fir sech ze verdeedegen an hie léiert mam Bou ëmzegoen, wat herno seng gréisst Fäegkeet gëtt. Hien ass schliisslech fënnef Joer op der Insel vu Star Fish.

No deene fënnef Joer, kënnt den Oliver zeréck a seng Heemechtsstad Starling City an decidéiert d'Bewunner vu Starling City ënnert dem Numm Green Arrow ze beschützen.

Spéiderhi kämpft de Green Arrow op der Säit vum jonke Roy Harper (Speedy genannt). Méi spéit iwwerhëlt de Roy méi Verantwortung a léisst sech Arsenal nennen, fir schlussendlech dono sengem Mentor ze gläichen a sech Red Arrow ze nennen.

Am Laf vun de Joren huet de Green Arrow eng Bezéiung mam Dinah Lance, och bekannt als Black Canary. Déi zwee si fir e puer Joer Membere vun der Justice League of America.

Nodeems den Oliver säi Vermiechtnes a säi Geld verléiert an nodeems säi Partner, de Roy Harper, den Droge verfält, verännert sech dem Oliver seng Siichtweis op d'Welt. De Superheld fänkt un aner Methoden unzewenden a gëtt méi aggressiv géigeniwwer senge Feinden. Doropshi gëtt de Green Arrow den düsterste Superheld aus den DC Comics.

Alias Oliver Queen
Createur Mort Weisinger

George Papp

Geschlecht männlech
Aktivitéit Businessmann vu Queen Consolidated
Gebuer Starling City
Aus DC Comics

Ursprong[änneren | Quelltext änneren]

De Green Arrow erschéngt fir déi éischt Kéier am More Fun Comics Nummer 73 mat sengem Partner Speedy am November 1941. D'Iddi vum Green Arrow entwéckelt de Mort Weisinger an d'Illustratioune gi vum Kënschtler George Papp gezeechent. Fir de Green Arrow auszebilden, léisst sech de Schrëftsteller ënner anerem vum Robin Hood inspiréieren a vum Roman The Green Archer, geschriwwe vum Edgar Wallace. De Green Arrow gläicht a ville Punkten och dem Batman, notamment well hie wéi de Batman en Arrowmobile an eng Arrowcave huet. Spéiderhin daucht de Green Arrow an der Serie vun den Adventure Comics op. Dëst vun 1946 bis 1960.

D'Figur vum Green Arrow kennt e grousse Succès no dem Golden Age of Comic Books. 1958 iwwerhuelen zwéin nei Auteuren d'Figuren an zwar den Dick an den Dave Wood. Ausserdeem zeechent och en neie Kënschtler den Arrow: Den Jack Kirby. Am Joer 1969 gëtt d'Ausgesi vum Green Arrow verännert. Dëst duerch d'Handaarbecht vum Schrëftsteller Neal Adams. De Green Arrow kritt en neie Kostüm a sengem eegenen Design zougesat. An de fréie 70er Jore kämpft de Green Arrow un der Säit vum Green Lantern an enger Rei vu Serien, kreéiert vum Neal Adams a vum Dennis O'Neil.

No e puer Joer op der Säit vum Green Lantern erschéngt de Green Arrow eleng am Action Comics #421. Ab do iwwerhëlt den Elliot S. Maggin d'Geschichte vum Superheld. Am Joer 1983 trëtt de Green Arrow fir d'éischt Kéier a sengem eegene Comic-Buch op. Doropshin iwwerhëlt de Mike Grell d'Geschicht vum Green Arrow weider, dee vun 1987 un Green Arrow: The Longbow Hunters heescht. De Green Arrow stierft am Comic No 101 vun der Serie. Nom Doud vum Oliver Queen, dem Alter Ego vum Green Arrow, daucht en neie Green Arrow op, dee vum Connor Hawke, dem verluerene Jong vum Oliver, verkierpert gëtt.

Ufanks der 2000er Jore bréngen de Kevin Smith an de Phil Hester den Oliver Queen zeréck. Den Held gëtt vu sengem fréiere Kolleeg Hal Jordan zum Liewen erwächt.

Fäegkeeten[änneren | Quelltext änneren]

De Green Arrow huet keng Superkräften. Hie kämpft eleng mat sengem Bou an e puer Gadgeten. D'Fäiler, déi hie benotzt, hu veschidde Qualitéiten. Ee Fäil zum Beispill ass ee Boomerang-Fäil oder een anere Fäil déngt als Bomm.

Säi jorelaangen Training op der Insel hunn him déi néideg Fäegkeete ginn, fir géint seng Feinden ze kämpfen.

An de Medien[änneren | Quelltext änneren]

  •  De Green Arrow erschéngt an der Serie Smallville, enger Serie, déi sech em d'Jugend vum Superman dréint. De Schauspiller Justin Hartley spillt d'Roll vum Superheld.
De Stephen Amell alias Green Arrow an der Serie Arrow
  •  Zënter 2012 gëtt op The CW d'Serie Arrow, déi eleng vun der Geschicht vum Oliver Queen alias Green Arrow handelt, gewisen. D'Serie u sech presentéiert e puer Differenze géigeniwwer vun de Comicbicher. An der Serie Arrow daucht den Oliver Queen erëm zu Starling City op, nodeems hie fënnef Joer op der fiktiver Insel Lian Yu verscholle war. Den Ënnerscheed an der Serie ass awer, datt den Oliver mat sengem Papp Schëffbroch gemaach huet. Säi Papp, de Robert Queen, huet sech fir säi Jong geaffert. Dat Affer déngt dem Oliver als neit Zil. Hie kënnt zeréck op Starling City als Verfechter vun der Gerechtegkeet, deen all déi Kriminell, déi géint d'Stad agéieren, bekämpft. Wouhier och säi bekannt Zitat „You have failed this city“ kënnt. De Personnage vum Green Arrow gëtt vum Schauspiller Stephen Amell gespillt. Niewebäi spillt de Stephen Amell als Green Arrow och a Spin-Off-Serië wéi The Flash (Barry Allen), Legends of Tomorrow a Supergirl.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]