Smallville

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Televisiounsserie

SmallvilleLogo.jpg

Daten
Originaltitel: Smallville
Produktiounsland: USA
Éischt Folleg: 16. Oktober 2001
Dauer: 42 Minutten
Originalsprooch: Englesch
Folgen: 126
Equipe
Iddi: {{{IDEE}}}
Produzent: Alfred Gough, Miles Millar
Haaptacteuren Tom Welling
Allison Mack
Kristin Kreuk
Michael Rosenbaum


Smallville ass eng US-amerikanesch Televisiounsserie, déi fir d'éischte Kéier de 16. Oktober 2001 gelaf ass, an nach ëmmer leeft.

An der Serie geet et ëm d'Jugend vum Clark Kent, dem spéidere Superman, a senge Frënn a Géigespiller a senger Heemechtstad Smallville, Kansas.

Geschaf gouf Smallville vun Alfred Gough a Miles Millar, an ass de 16. Oktober 2001 um WB Network fir d'éischte Kéier ausgestrahlt ginn. Haut leeft d'Serie an den USA um The CW an ass an hirer sechster Staffel.

An Europa leeft Smallville bei eisen däitschen Noperen op RTL, a Frankräich op M6, an der Belsch op La Deux an an Éisträich um ORF. Gefilmt gëtt ronderëm Vancouver, British Columbia, Kanada.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Ëm wat geet et ?

Nodeems 1989 e Ree vu Meteoritten iwwert der Klengstad Smallville, Kansas, néiergaangen ass, geschéien do komesch Saachen. Vill Leit kruten duerch den Afloss vun de Meteorite (Kryptonit) besonnesch Fähegkeeten. Mee et huet net nëmme Steng gereent, dësen Dag ass och de klenge Kal-El a sengem Raumschëff op d'Äerd komm, dee vill Jore méi spéit zum Superman gëtt.

Fonnt gëtt de klenge Jong vun der Koppel Martha (Annette O'Toole1) a Jonathan Kent (John Schneider2), wéi si no engem Ausfluch an d'Stad nees um Wee zeréck op hir Farm fueren. D'Martha, déi selwer keng Kanner kréie kann, entscheet sech, de klenge Jong ze behalen, an d'Koppel gëtt him den Numm "Clark".

12 Joer méi spéit geet den Teenager Clark Kent (Tom Welling) an de Lycée, an ass an d'Nopeschmeedchen Lana Lang (Kristin Kreuk) verléift. Fir d'éischte Kéier begéint hien och dem Lex Luthor (Michael Rosenbaum) deem hie bei engem Autosaccident d'Liewe rett. Am Laf vun den éischte Staffele sinn dem spéidere Superman seng Nemesis an de Clark esouguer richteg gutt Frënn.

Weider Kommerode sinn d'Chloe Sullivan (Allison Mack), de Pete Ross (Sam Jones III) a spéider d'Lois Lane (Erica Durance).

[änneren] Haaptduersteller

D'Schauspillerequipe vu Smallville aus der éischter Staffel.

[änneren] Notizen a Referenzen

1: D'Annette O'Toole huet am Film Superman III d'Lana Lang gespillt.
2: Bo Duke an der Serie The Dukes of Hazzard.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Smallville – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen