Häerz

Vu Wikipedia
Beschreiwung vum Häerz:
1. Rietse Virhaff (Atrium)
2. Lénkse Virhaff (Atrium)
3. Iewescht Veen
4. Haaptschlagoder (Aorta)
5. Longeschlagoder
6. Longeveen
7. Mitralklapp
8. Aortaklapp
9. Lénks Kummer (Ventricule)
10. Riets Kummer (Ventricule)
11. Ënnescht Huelbeen
12. Trikuspidalklapp
13. Pulmonalklapp
Computeranimatioun vum Häerz, dat schléit ouni Blutt ze transportéieren.

D'Häerz (lat.: cor) ass en Organ, dat zesumme mat de Bluttgefäässer de Bluttkreeslafsystem vun héijere Liewewiesen bilt. Mat all Häerzschlag pompelt d'Häerz Blutt duerch de Kierper a versuergt esou déi aner Organer an d'Geweebe mat liewesnoutwennegem Sauerstoff an Närstoffer.

Opbau a Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Häerz ass en huele Muskel. Et gëtt vun enger Wand an zwou Hallschente gedeelt. All Hallschent huet e Virhaff (atrium) an eng Kummer (ventriculus). Déi lénks Kummer pompelt sauerstoffräicht Blutt duerch d'Haaptschlagoder (och nach Aorta genannt) an de Kierperkreeslaf. Déi éischt Ofzweigunge vun der Aorta sinn d'Häerzkranzgefäässer (Koronararterien). Si verlafen direkt iwwer den Häerzmuskel a versuergen d'Häerz selwer mat Sauerstoff an Närstoffer.

Nodeems d'Blutt de Sauerstoff am Kierper ofginn huet, fléisst dat elo sauerstoffaarmt Blutt zréck an d'Häerz, méi genee gesot an de rietse Virhaff, a vun do un a déi riets Kummer. Vun do aus gëtt dat sauerstoffaarmt Blutt iwwer d'Longeschlagoder an de Longekreeslaf gepompelt. An der Long gëtt d'Blutt de Kuelendioxid of an hëlt frësche Sauerstoff op. Dat sauerstoffräicht Blutt fléisst duerno iwwer d'Longevenen zeréck an d'Häerz - elo awer an déi lénks Hallschent vum Häerz. Vun do aus gëtt et erëm zréck an de Kierper gepompelt.

Tëscht dem rietse Virhaff an der rietser Kummer, dem lénkse Virhaff an der lénkse Kummer, an um Ofgank vun de Schlagodere ginn et véier Häerzklappen (Trikuspidalklapp, Mitralklapp, Pulmonalklapp, Aortenklapp). Si stellen sécher, datt d'Blutt an déi richteg Richtung fléisst. Wann d'Blutt an déi falsch Richtung géint déi Klappen dréckt, ginn déi Klappen zou. Wann d'Blutt aus der anerer - der richteger - Richtung op d'Klappen dréckt, da gi se op an d'Blutt kann derduerchfléissen.

D'Muskulatur vum Häerz besteet aus speziellen Zellen, den Häerzmuskelzellen, déi sech ryhtmesch zesummenzéien. En elektresche Leitungssystem suergt dofir, datt d'Häerz schléit. Den Impuls fir den Häerzschlag entsteet am sougenannten Sinusknuet, enger Grupp Zellen an der Wand vum rieste Virhaff. Speziell Nervenbunne leeden déi elektresch Signaler bei d'Muskelzellen an de Virhäff an an de Kummere weider a ginn esou den Takt fir den Häerzschlag vir.

D'Häerz beim Mënsch[änneren | Quelltext änneren]

Beim erwuessene Mënsch schléit d'Häerz am rouegen Zoustand ongeféier 60 bis 80 Mol pro Minutt; bei kierperlecher Ustrengung méi séier. Domat fléisst och d'Blutt méi séier duerch de Kierper an et ka pro Minutt méi Sauerstoff ophuelen an dann d'Zellen am Kierper domat versuergen. Am Schnëtt schléit d'Häerz vum Mënsch 100.000 mol den Dag.

D'Häerz ass ongeféier esou grouss wéi d'Fauscht vum jeeweilege Mënsch a weit ongeféier 300 Gramm, a bis zu 500 Gramm bei Persounen, déi vill Ausdauersport maachen. Et läit geschützt an der Mëtt vum Broschtkuerf, liicht lénks hannert dem Broschtbeen. Bei de meeschte Mënsche fillt een den Häerzschlag, wann een d'Hand op de Broschtkuerf leet.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Häerzer – Biller, Videoen oder Audiodateien