HMS Hood (51)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schluechtschëff, der HMS Hood (51). Fir aner Schëffer mat deem Numm kuckt w.e.g. HMS Hood. |
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|
|
|---|---|
| Baudaten | |
| Bestallt: | 7. Abrëll 1916 |
| Op Kiel gesat: | 1. September 1916 |
| Stapellaf: | 22. August 1918 |
| An Déngscht geholl: | 15. Mee 1920 |
| Schicksal: | Versenkt duerch d'Bismarck de 24. Mee 1941 |
|
|
|
| Waasserverdrängung: als Neibau |
Konstruktioun: 41.200 ts Maximal: 44.700 ts |
| Waasserverdrängung: 1940 |
Standard: 41.200 ts Konstruktioun: 42.450 ts Maximal: 48.360 ts |
| Längt: | Lpp: 246,9 m LKWL: 258,4 m Li.a.: 262,3 m |
| Breet: | 32 m i.A. |
| Héicht vum Mast: | 31,7 m |
| Déifgank: | 10,1 m |
| Ugedriwwen: | 4 Dampturbinnen mat 24 Kesselen mat Uelegfeierung, Einfach Boîte op 4 Wellen, 144.000 PSw |
| Vitesse: | 31 Kniet (1940: 28,8 kn) |
| Aktiounsradius: | 9.260 km bei 18 kn 8.334 km bei 20 kn |
| Besatzung: | ca. 1.200 am Fridden ca. 1.477 am Krich |
| Bewaffnung: | 8 x 38,1 cm L/42 Kanounen an Duebeltierm 12 x 14 cm L/50 Kanounen op Eenzellafette 14 x 10,2- a 24 x 4 cm-Flak 4 x 53,3 cm-Torpedoréier |
| Fligeren: | 1-2 Fairey "Flycatchers" vun 1931-1933 |
| Kommandant (1941): | Flaggkapitän Ralph Kerr ënner dem Kommando vum |
| Walsproch: | Ventis Secundis (lb: "Mat gënschtegem Wand") |
D'HMS Hood war e Schluechtschëff vun der Royal Navy. Si war eent vun de véier Schëffer vun der Admiral-Class, där hire Bau nach am Laf vum Éischte Weltkrich, Mëtt 1916 ugefaange gouf.
D'Hood war allerdéngs dat eenzegt Schëff vun där Klass, dat fäerdeg gebaut gouf. D'Konstruktioun vun den anere Schëffer gouf agestallt. D'Schëff hat den Numm vum Admirol Samuel Hood, dem 1. Viscount Hood (1724-1816).
D'HMS Hood ass vum däitsche Schluechtschëff Bismark bei engem Gefecht an der Dänemarkstrooss versenkt ginn.
[änneren] Oflaf vum Séigefecht an der Dänemarkstrooss
Enn Mäerz 1941 goufen d'Hood an d' Schluechtschëff Prince of Wales an den Nordatlantik zur Sécherung vu Geleetzich geschéckt. Enn Mee hunn déi zwee Schëffer mat Nordwestkurs d'Gebitt südlech vun Island ugesteiert. Si sollten déi däitsch Krichsschëffer, déi do gelauert hunn, a vu Nordosten komm sinn, d'Schluechtschëff Bismarck an de Schwéiere Kräizer Prinz Eugen, offänken.
De 24. Mee 1941 koum et dunn zum Gefecht, dat sechs Minutte gedauert huet. D'Bismarck huet et fäerdeg bruecht, mat senger fënnefter Salv aus alle Réier d'Hood esou staark ze beschiedegen, datt déi opgrond vun hirer schappeger Panzerung bannen zwou Minutten ënnergaangen ass.
Vun de 1.418 Mann Besatzung konnten nëmmen 3 Mann gerett ginn. Ee vun hinnen, den Edward Briggs, ass den eenzege Besatzungsmember, deen am Februar 2008 nach gelieft huet.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: HMS Hood (51) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- http://www.hmshood.com (en)
- http://www.battleships-cruisers.co.uk/hood.htm (en)
- Detailléierten Rapport iwwer de Verloscht vu der Hood (en)