Op den Inhalt sprangen

Hellege Christophorus

Vu Wikipedia
Hellege Christophorus
Titel
Biographie
Gebuer 3. Joerhonnert
Gestuerwen 251 jul.
Anatolien
Doudesursaach Käppen
Aner Informatiounen
Statut Helleg
Gedenkdag 25. Juli

Den hellege Christophorus oder och Christopherus (griich. Χριστόφορος, Christusdréier) ass e chrëschtlechen Hellegen. Hien ass virun allem als Patréiner vun den Autofuerer beléift.

De Christophorus gëtt als Ris mat Staf duergestallt, deen d'Jesuskand op senge Schëlleren dréit.

Dem Christophorus säin Dag ass an der evangeelescher an an der kathoulescher Kierch de 25. Juli, an der orthodoxer Kierch den 9. Mee.

Den hellege Christophorus gëtt ugebiet:

  • géint en onvirbereeten Doud, dohier och seng Funktioun als Patréiner vun den Autofuerer
  • géint Stierm
  • géint Zännwéi

Hien ass de Patréiner vun den Autofuerer an de Reesenden am Allgemengen.

Fir un den Hellege Christophorus z'erënneren, gouf zu Munneref eng Strooss no him genannt: d'Allée Saint-Christophe.

Commons: Hellege Christophorus – Biller, Videoen oder Audiodateien