Heng Freylinger
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Heng Freylinger oder Henri Freylinger, gebuer den 23. September 1926, ass e fréiere lëtzebuergesche Ringer an Olympionik,[1] an haut, mam Michel Think, ee vun de wéinegen Armurieren am Land.
Den Heng Freylinger huet Lëtzebuerg op den Olympiade vu Helsinki (1952) am Ringe vertrueden.[2]
Hie war eng Dose mol lëtzebuergesche Landesmeeschter an där Sportart. Als aktive Sportler huet hien am Le Coq Neudorf geringt.
Hien huet seng Bréidercher op der Eisebunn verdéngt, an no senger Pension, eng Meeschterprüfung als Armurier gemaach. Hie schafft haut nach a sengem Geschäft, zesumme mat sengem Bouf dem Bob, a Ciselagë vun de Beschléier vun de Waffe si seng Spezialitéit.
Auszeechnungen[änneren]
- Chevalier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg [3]
Kuckt och[änneren]
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer