Henri Rinnen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Henri (Heng) Rinnen, gebuer de 17. September 1914 zu Bënzelt, gestuerwen de 26. September 1998 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sprooch- a Vigelfuerscher.

Vu Beruff war den Henri Rinnen Employé op der Post. Hie war Member vun der linguistescher Sektioun vum Institut grand-ducal a Matgrënner an éischte President vun der Actioun Lëtzebuergesch (bis 1972, dann nees vun 1984 bis 1992). Hien huet déi éischt Dictionnairen an d'Lëtzebuergescht, en Däitsch-Lëtzebuergeschen an e Franséisch-Lëtzebuergeschen, zesumme mam Will Reuland erausginn, an op Radio Lëtzebuerg regelméisseg Emissiounen iwwert d'Lëtzebuergesch gemaach.

Den Henri Rinnen war och en aktiven Naturschützer; hie war Matgrënner vun der Natura a vun 1968 bis 1986 President un der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga. Als eng Zort Synthes vu sengen zwéin Haaptintressie kann ee seng Sammlung iwwer Lëtzebuerger Vullennimm gesinn, déi 1969 erauskoum.

Wierker (Auswiel)[änneren]

  • (mam Will Reuland): Kleines Deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch, 1973 (iwwer 10 Oploen)
  • déis.: Petit dictionnaire français-luxembourgeois
  • "Luxemburger Vogelnamen", in: Bulletin linguistique et ethnologique 15, 1969.
  • Ueter d'Joer, 1978

Kuckt och[änneren]